Op den Inhalt sprangen

Vega (Stär)

Vu Wikipedia
Wega
α Lyrae
Stärebild Lyra (Leier)
NummWega (α Lyrae)
Stärebild:Lyra (Lyr)
Daten
EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun18h 36m 56,336s
Deklinatioun+ 38° 47' 01,29"[1]
visuell Magnitude+ 0,03 mag[1]
Spektralklass:A0 V[1]
Astrometrie
Radialvitess:(-20,6 ± 0,2) km/s[2]
Parallax:(130,23 ± 0,36)
Distanz(25,0 ± 0,1) Lj.
Liichtkraaft37 ± 3 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass:2,20 ± 0,10 M☉[3]
Radius:2,73 ± 0,01 R☉[4]
Metallizitéit:zirka -0,5 dex[5]
Uewerflächentemperatur600 (Equator) –
10000 (Pol) K[3]
Rotatioun:12,5 h
Alter:(480 ± 95) • 106[3]
Aner Bezeechnungen
Bayer-Bezeechnungα Lyrae
ADSADS 11510
Bonner DuerchmusterungBD +38° 3238
Bright Star CatalogueHR 7001
Flamsteed-Bezeechnung3 Lyrae
GJGJ 721
Henry-Draper-KatalogHD 172167
Hipparcos-KatalogHIP 91262
SAOSAO 67174
Tycho-KatalogTYC 3105/2070/1
Weider KatalogenLTT 15486

D'Vega, α Lyrae, ass e wäissen Haaptreiestär an den Haaptstär vum Stärebild Lyra (Leier).

D'Vega mécht zesumme mat den Haaptstäre vun de Stärebiller Cygnus an Aquila dat sougenannt Summerdräieck. Dëse Stär ass den Nullpunkt vun de photometresche Systemer an der Astronomie, a mat der Spektralklass A0 Liichtkraaftklass V definitiounsgeméiss och Nullpunkt vum astronomesch-photometresche Faarwesystem. Den Numm Wega bedeit "erofstoussenden (Aadler)". Aner Nimm si Wega, Fidis an Harp Star.

Fuerschunge mam Interferometer CHARA vum Mount Wilson-Observatoire a Kalifornien hunn erginn, datt d'Vega um Equator ëm 2500K méi kal ass wéi op de Polen. D'Ursaach, datt d'Temperaturen op de Polen 10150K an um Equator 7650K bedroen, läit un der séierer Rotatioun ëm d'Polachs bannen 12,5 Stonnen. Wéinst där Rotatioun ass de Polduerchmiesser géintiwwer dem Equatorduerchmiesser ëm 23 % ofgeplatt. Doduerch, datt déi polar Fläch méi no um waarme Stärekär ass, léisst sech deen Temperaturënnerscheed erklären. Deen Effekt gëtt als Gravitatiounsofdonklung bezeechent.

D'Vega ass mat engem Alter vun ongeféier 300 Millioune Joer en zimmlech jonke Stär. Zanter enger gewësser Zäit ass bekannt, datt ronderëm d'Wega eng Gas- a Stëbswollék ass, deemno e Stäresystem, dat eisem Sonnesystem gläicht.

D'Vega war den éischte Stär, ofgesi vun eiser Sonn, vun deem Fotoe gemaach goufen. 1850 hunn de William Cranch Bond an den John Adams Whipple um grousse Refrakter vum Harvard College Observatoire eng Daguerreotypie vun der Wega gemaach.

Wéinst der Prezessiounsbeweegung vun der Äerd, weist d'Äerdachs a 14000 Joer a Richtung Vega. Awer d'Vega wäert ni sou no beim Himmelspol stoe, wéi fir de Moment de Polarstär.

Verglach tëscht dem Stär Vega (lénks) an eiser Sonn (riets)
De Stär Vega am Stärebild Lyra

Portal Astronomie

 Commons: Vega – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. 1 2 3 Hipparcos-Katalog (ESA 1997)
  2. Pulkovo radial velocities for 35493 HIP stars
  3. 1 2 3 D. M. Peterson: "Vega is a rapidly rotating star" in Nature, 20. März 2006
  4. J. P. Aufdenberg: "First results from the CHARA Array: VII. Long-Baseline Interferometric Measurements of Vega Consistent with a Pole-On, Rapidly Rotating Star?" in Astrophysical Journal, 2006 (PDF; 2,0 MB)
  5. T. Kinman: "The determination of Teff for metal-poor A-type stars using V and 2MASS J, H and K magnitudes" in "Astronomy and Astrophysics", September 2002