John Adams Whipple

Vu Wikipedia
John Adams Whipple
Gebuer 10. September 1822
Grafton
Gestuerwen 10. Abrëll 1891
Cambridge
Nationalitéit USA
Aktivitéit Fotograf, Astronom, Erfinder

Den John Adams Whipple, gebuer den 10. September 1822 zu Grafton am Massachusetts an den USA a gestuerwen am Joer 1891, war een US-amerikaneschen Astronom, Erfinder a Pionéier an der Fotografie.

Schonn als jonke Mënsch huet sech de Whipple intensiv mat der Chimie beschäftegt. Wéi am Joer 1839 de cheemesche Prozess vun der Daguerreotypie an den USA bekannt gouf, war hien deen éischten, deen déi erfuerdert Fotochemikalien hiergestallt huet.

Well seng Gesondheet ënner der Aarbecht mat Chemikalie gelidden huet, huet hie sech doropshi méi mat der Fotografie beschäftegt. Seng éischt Daguerreotypie huet hie mat enger selwer gebastelter Kamera gemaach. Hien huet dobäi ee Glas vun engem Sonnebrëll als Lëns an eng Kärzekëscht als Gehais geholl. Als „fotografesch Plack“ huet de Still vun engem Sëlwerläffel missen duerhalen. Zesumme mam James Wallace Black huet hien zu Boston de Fotostudio Whipple and Black opgemaach. Am Laf vun der Zäit gouf hien e bekannte Portraitsfotograf. Doriwwer eraus huet hie bekannt Gebaier zu Boston an Ëmgéigend fotograféiert.

1847 huet hie sech mat der Elizabeth Mann bestuet.

De Whipple gouf och e Pionéier um Gebitt vun der Astrofotografie. Zesumme mam Astronom William Cranch Bond huet hien am Joer 1850 am Harvard College Observatoire déi éischt Fotoe vun engem Stär, der Vega, gemaach. Fir hir detailléiert Fotoe vum Äerdmound sinn de Whipple an de Bond 1851 op der Weltausstellung am Londoner Crystal Palace ausgezeechent ginn.

Dem Whipple seng Foton sinn a verschiddene Muséeën ausgestallt, z. B. am Metropolitan Museum of Art zu New York.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John A. Whipple – Biller, Videoen oder Audiodateien