Harvard College Observatoire

Vu Wikipedia
Den Harvard- College-Observatoire ëm d'Joer 1900.

Den Harvard College Observatoire (Harvard College Observatory HCO) ass en astronomeschen Observatoire fir d'Fachberäicher vun der Astronomie vun der Harvard Universitéit. Den Observatoire ass zu Cambridge, Massachusetts, an den USA. Zesumme mat dem Smithsonian Astrophysical Observatoire ass et e Bestanddeel vum Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics.

Den Observatoire entstoung am Joer 1839 op Uregung vum William Cranch Bond, deen och den éischten Direkter gouf.

Am Joer 1847 gouf e Refrakter mat 15 Zoll (42,5 cm) Ëffnung opgestallt, deen dorop fir déi nächst 20 Joer, dee gréissten Teleskop vun der Welt war.

Tëscht 1847 an 1852 hunn de Bond an den John Adams Whipple, e Pionéier vun der Astrofotografie, mat dem grousse Refrakter detailléiert Fotoe vum Äerdmound gemaach.

D'Fotoen hunn am Joer 1851 op der Weltausstellung am Londoner Crystal Palace de Präis fir Fotografie kritt

An der Nuecht vum 16. zum 17. Juli 1850 hunn de Bond an de Whipple déi éischt Daguerreotype vun engem Stär, der Vega am Stärebild Lyra gemaach.

Am Laf vun der Zäit goufen en ettlech Asteroiden um Harvard-College-Observatoire entdeckt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Harvard College Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien