Lyra (Stärebild)
Date vum Stärebild Lyra | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Leier |
Laténgeschen Numm | Lyra |
Laténgesche Geenitiv | Lyrae |
Laténgesch Ofkierzung | (Lyr) |
Positioun | Nërdlechen Fixstärenhimmel |
Rektaszensioun | 19h 7m bis 22h 3m |
Deklinatioun | +61° 20' bis +27° 45' |
Fläch | 286 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 29° Süd |
Observatioungszäitraum fir Mëtteleuropa |
Summer |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
1 |
Hellste Stär, Gréisst |
Vega (α Lyrae), 0,03m |
Meteorstréim | Lyriden Eta-Lyriden Juni-Lyriden |
Nopeschstärebiller (vum Norden am Auerzäresënn) |
Draco Hercules Vulpecula Cygnus |
D'Lyra (vum griichesch λύρα, lýra – d'Lyra) ass e Stärebild vum nërdleche Stärenhimmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Lyra ass e klengt, awer opfällegt Stärebild, dat um owendlechem Summer- an um Hierschthimmel liicht ze fannen ass.
Den Haaptstär, d'Vega, ass (no dem Arctur) den zweethellste Stär vun der nërdlecher Hemisphär an de fënnefhellste Stär um Nuetshimmel. Südlech vun der Vega maache véier Stären e Parallelogramm. Si sollen d'Säite vun enger anticker Lyra duerstellen.
Tëscht de Stäre β an γ Lyrae läit de berüümte Rankniwwel M 57.
D'Vega mécht mat de Stären Deneb (Stärebild Cygnus) an dem Altair (Stärebild Aquila) dat grousst Summerdräieck.
Südlech vun der Lyra verleeft d'Mëllechstrooss.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Lyra gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der Antiquitéit, déi vum Ptolemäus beschriwwe gouf.
D'arabesch Astronome vum Mëttelalter hunn an dësem Stärebild en Aadler gesinn.
D'Vega war den éischte Stär, dee fotografesch festgehale gouf.
Meteorstréim
[änneren | Quelltext änneren]An der Lyra läit de Radiant vum Meteorstroum vun de Lyriden. Hire Maximum läit an der Zäit tëscht dem 20. an dem 22. Abrëll vun all Joer.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 3 | Vega, Wega | 0,03m | 25,3 | A0 V |
γ | 14 | Sulafat, Sulaphat | 3,24m | 635 | B9 III |
β | 10 | Sheliak | 3,25 bis 4,36m | 882 | A8 |
13 | R | 3,9 bis 5,0m | 350 | M5 III | |
δ2 | 12 | 4,22m | 899 | M4 II | |
ζ1 | 6 | 4,34m | 154 | Am | |
κ | 1 | 4,33m | 238 | K2 III | |
θ | 21 | 4,34m | 769 | K0 III | |
η | 20 | Aladfar | 4,43m | 1042 | B2 IV |
ε2 | 5 | 4,59m | 160 | F1 V | |
ε1 | 4 | 4,67m | 160 | A8 V | |
λ | 15 | 4,94m | 1539 | K3 III | |
HR 7064 | 4,83m | 252 | K3 III | ||
16 | 5,00m | 128 | A7 V | ||
μ | 2 | 5,11m | 441 | A3 IV | |
17 | 5,20m | 132 | F0 V | ||
ν | 9 | 5,22m | 238 | A3 V | |
ι | 18 | 5,25m | 832 | B0 IV | |
δ1 | 11 | 5,58m | |||
ζ2 | 7 | 5,73m | |||
ν1 | 8 | 5,93m | |||
19 | 5,93m |
Den α Lyrae aß mat enger visueller Magnitude vun 0,03m opfälleg hell. Et handelt sech ëm e Stär mat der 58facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Hie straalt e wäisselzegt Liicht of a gehéiert zu der Spektralklass A0 V. Mat enger Distanz vu 25,3 Liichtjoer ass et ee vun den nooste Stären zu eiser Sonn.
Den Numm Vega leet sech aus dem alarabeschen of a bedeit „den erofstierzenden Aadler“.
System | Gréissten | Distanz |
---|---|---|
β | 3,25 bis 4,36 /6,7/9m | 45,7/86" |
ε1 | 5,0 /6,1m | 2,5" |
ε2 | 5,2 /5,5m | 2,4" |
ζ | 4,4 /5,7m | 43,7" |
Den β Lyrae mécht mat zwéi weidere Stären e Dräifachstäresystem op enger Distanz vun 882 Liichtjoer. E 6,7m helle Begleetstär ass mam Teleskop siichtbar. Den arabeschen Numm Sheliak bedeit „Deckelsmouk“.
ε1 an ε2 Lyrae ass e Méifachstäresystem dat 160 Liichtjoer wäit vun der Äerd ewechläit. Dobäi beweege sech véier Stären ëm e kollektive Schwéierpunkt.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]Objet | Gréisst | Stär | Typ |
---|---|---|---|
β | 3,25 bis 4,36m | Beta-Lyrae-Stär | |
R | 3,9 bis 5,0m | 46 Deeg | Hallefreegelméisseg verännerleche Stär |
RR | 7,06 bis 8,12m | 0,6 Deeg | RR Lyrae-Stär |
Den Haaptstär vum System β Lyrae gëtt den Numm fir dësen Typ vu verännerleche Stären, d'Beta-Lyrae-Stären. Et handelt sech ëm Duebelstären, déi sech an engem Ofstand ëmkreesen, woubäi ee vun de Stäre säin Endstadium erreecht huet a sech zum Risestär opgeblosen huet. De Gas aus dem Mantel vum Risestär stréimt op de Begleetstär iwwer. Bei jiddwer Ëmlaf vun de Stäre kënnt et zu enger deelweiser Bedeckung, wouduerch d'Hellegkeet periodesch ofhëlt.
Den R Lyrae ass en hallefreegelméissege verännerleche Stär op enger Distanz vun 350 Liichtjoer. Et handelt sech ëm e roude Ris mat der Spektralklass M5 III.
Den RR Lyrae, e pulsatiounsverännerleche Stär, gëtt säin Numm hir fir d'Klass vun den RR Lyrae-Stären.
Messier- an NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
56 | 6779 | 8,3m | Kugelstärekoup | ||
57 | 6720 | 8,8m | Planetareschen Niwwel | Rankniwwel an der Lyra |
An der Lyra (Leier) sinn zwéin Objeten, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog mat niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) opgeholl huet.
De M 56 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vun 30.000 Liichtjoer.
Op enger geduechter Linn tëscht de Stäre β an γ Lyrae ass de M57, de berüümte Rankniwwel an der Leier. De Rankniwwel ass den Iwwerrescht vun engem Stär, deen um Enn vu senger Entwécklung de baussenzege Gasmantel ofgestouss huet.
No beim δ Lyrae steet den oppene Stärekoup Steph 1.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (de) Sommerliche Sphärenklänge – Das Sternbild Leier und die Bezüge zwischen Musik und Astronomie, von Christian Pinter
- (de) Den Duebelstär Epsilon Lyrae
Commons: Lyra – Biller, Videoen oder Audiodateien |