Summerhimmel
Summerhimmel gëtt deen Deel vum Stärenhimmel genannt, deen a klore Summer-Owenter ze gesinn ass. De visuellen Ausschnëtt vum Himmel hänkt of
- vun der geographescher Breet vun der Observatiounsplaz,
- vum Datum
- a vun der Lokalzäit.
Den 2. an 3. Afloss wierke géinteneen, dat heescht, e Mount méi spéit, gesäit een de selwechten Himmelsausschnëtt 2 Stonne méi fréi, oder all Dag ëm knapps 4 Minutte méi fréi (Ëmlaf vun der Äerd ëm d'Sonn).
Konstellatiounen a Stärebiller
[änneren | Quelltext änneren]Déi opfällegst Konstellatioun ass de grousse Summerdräieck deen am Osten eropkënnt an deen aus dräi Stären 1. Gréisst besteet an ëm d'Stärebild vum Schwan (nërdlecht Kräiz) verleeft. Seng Eckpunkte sinn d'Vega an der Leier (hellste Stär vum Nordhimmel), Deneb am Schwan an Atair am Aadler.
Déif am Süden an am Südoste stinn de Sagittarius an de Scorpius, do wou op enger Distanz vu 25.000 Liichtjoer de Galakteschen Zentrum vun eiser Mëllechstrooss ass.
Am Skorpioun an am Schëtz steet eis Sonn bei Wanterufank, soudatt déi Stärebiller nëmmen am Summer ze gesi sinn. D'Schéiere vum Skorpioun lafe beim roude Stär Antares (griich. „Géigemars“) zesummen - e Roude Ris mat 700-fachem Sonneradius.
Stäreschnäizeschwäerm
[änneren | Quelltext änneren]Vu Mëtt Juli un, sinn an de Mueresstonnen éischt Virleefer vun de Perseiden, dem bekanntsten an dem zweetstäerkste Meteorstroum vum Joer, ze gesinn. De Meteorschwaarm erreecht den 11./12. August säi markante Maximum, duerno fällt awer d'Zuel vun de Stäreschnäize rapid of. De Radiant verlagert sech am Laf vun de Woche vum Perseus an d'Stärebild Cassiopeia. Déi meescht hell, awer nëmme sandkärgrouss Meteoroiden hunn eng héich Vitess vu ~60 km/s a blénken dofir beim Antrëtt an d'Atmosphär nëmme sekonnelaang. Allerdéngs gëllen déi dacks kolportéiert 60–100 Meteore pro Stonn nëmme fir ideal Konditiounen an den Tropen; a Mëtteleuropa sinn et an der 2. Nuetshallschent ongeféier 15 bis 30 pro Stonn, eng Woch virun a kuerz nom Maximum ongeféier hallef sou vill. A munneche Jore wéi 2009, wann de Maximum zäitlech no beim Vollmound läit, verschwanneen déi liichtschwaach Stäreschnäizen am opgehellten Himmelshannergrond. Hire Mammekierper ass de Koméit 109P/Swift-Tuttle.
Manner markant sinn d'Juli-Aquariiden tëscht dem 25. Juli an dem 10. August mat engem Maximum den 3. August, déi visuell aus dem Stärebild Aquarius kommen.
Zimmlech laang kënnen dogéint d'Cygniden um Observatiounsprogramm stoen. Si hunn hire Radiant am Stärebild Cygnus a sinn tëscht dem 25. Juli an dem 8. September ze gesinn (flache Maximum ëm de 16. August). De planetaresche Stroum huet ëm den 18. August een eppes méi schwaachen Aaascht, déi sougenannt Cepheiden – net ze verwiessele mat de pulséierenden Cepheiden, déi fir d'intergalaktesch Distanzbestëmmung wichteg sinn.
Planéiten um Summerhimmel 2015
[änneren | Quelltext änneren](kuerz Virschau)
- De Merkur ass mat bloussem A nëmmen Enn Juni kuerz ze gesinn, 1 Stonn viru Sonnenopgank; teleskopesch och um Dageshimmel
- D'Venus ass bis Enn Juli ze gesinn, an ass vum 25. August un um Muereshimmel
- De Mars as hannert der Sonn an dofir net ze gesinn
- De Jupiter steet owes bis den 20.Juli am Stärebild Léiw
- De Saturn ass bis Mëtternuecht am Stärebild Libra
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Das Himmelsjahr (Kosmos-Verlag) 2011 bis 2012
- Österreichischer Himmelskalender 2011 bis 2013
- Rudolf Brandt et al., Himmelsbeobachtungen mit dem Fernglas - eine Einführung für Sternfreunde. Verlag Deutsch, 2006