Op den Inhalt sprangen

Perseus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Perseus
Lëtzebuergeschen Numm Perseus
Laténgeschen Numm Perseus
Laténgesche Geenitiv Persei
Laténgesch Ofkierzung Per
Positioun Mëllechstrooss
Rektaszensioun 1h 25m bis 4h 45m
Deklinatioun +31° bis +59°
Fläch 651 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 90° Nord bis 35° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
5
Hellste Stär,
Gréisst
Alpha Persei (Mirfak)
1,79m
Meteorstréim Perseiden
September-Perseiden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerrzäresënn)
Cassiopeia
Andromeda
Triangulum
Aries
Taurus
Auriga
Kaart vum Stärebild Perseus

De Perseus ass e Stärebild vum nërdlechem Himmel.

D'Stärebild soll d'Gestalt vum griicheschen Held Perseus duerstellen, deen déi déidlech Medusa meeschter gouf. D'Stäre Mirfak, δ, ε an ζ maachen de Kierper an e Been vum Perseus. D'Stären Algol a ρ-Persei stellen den ofgeschloene Medusekapp duer, deen hien an der Hand hält.

De Perseus ass an eise Breeten deelweis zirkumpolar, d. h., dat ganzt Joer iwwer siichtbar. Besonnesch gutt kann een d'Stärebild am Hierscht observéieren, well hien dann héich iwwer dem Horizont steet.

Duerch d'Stärebild zitt sech d'Mëllechstrooss. Am Perseus sinn interessant Observatiounssobjete, wéi den oppene Stärekoup M 34 an dem Duebelstärekoup h an de Chi Persei.

De Perseus gehéiert zu den 48 klassesche Stärebiller, déi vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Schonn am Mëttelalter haten arabesch Astronomen déi eegenaarteg Verdonklung vum Stär Algol observéiert. Den Numm leet sech aus dem arabeschen al Ras al Ghul of a bedeit "Kapp vum Dämon“.

Himmelsobjeten

[änneren | Quelltext änneren]
B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 33 Alpha Persei, Mirfak, Marfak, Algenib 1,79m 592
β 26 Algol 2,12 bis 3,39m 93 B8 V
ζ 44 Menkib 2,83m 983 B1 Ib
ε 45 2,90m 538 B0.5 V
γ 23 2,91m 256 G8III
δ 39 3,01 528 B5 III SB
ρ 25 Gorgonea Tertia 3,2 bis 4,1m 325 M3 III
η 15 Miram 3,77m 1331 K3 Ib
ν 41 3,77m 557 F5 II
κ 27 Misam 3,79m 112 K0III
ο 38 Atik 3,84m 1476 B1 III
τ 18 3,93m 248 G4 III
MX 3,96m 554 B3 Ve
ξ 46 Menchib 3,98m 1773 O7.5 Iab
φ 4,01m 717 B2Vpe
ι 4,05m 34 G 0V
θ 4,10m 37 F7V
μ 4,12m 723 G0 Ib
16 4,22m 128 F2 III
58 4,25m 642 G8 II
λ 4,25m 347 A0 IVn
ψ 4,32m 700 B5 Ve
σ 4,36m 353 K3 III
17 4,56m 409 K5 III
b 4,60m 318 A2 V
ω Gorgonea Quarta 4,61m 305 K1III
34 4,67m 559 B3V
52 4,67m 627 G5 II
π Gorgonea Secunda 4,68m 326 A2 Vn
k 4,77m 205 K0 II-III
V469 4,80m 464 B4 IV
HR 991 4,85m 1476 K2 III
12 4,91m 81 F9 V
54 4,93m 226 G8 III
24 4,94m 350 K2 III
32 4,96m 155 A3 V
40 4,97m 924 B0.5 V
HR 1034 4,99m 570 B5 V
4 4,99m 740 B8 III
HR 969 5,04m 834 G5 II
31 5,05m 481 B5 V
LT 5,10m 387 B9p
V467 5,14m 298 A3 V
29 5,16m 528 B3 V
V474 5,16m 2052 A2 Ia
43 5,28m 133 F5 IV
59 5,30m 271 A1 Vn
36 5,30m 119 F4 III
HR 1011 5,32m 625 B5V
20 5,34m 235 F4 V
HR 1207 5,39m 845 B6 V
14 5,43m 693 G0 Ib
HR 1330 5,46m 259 A7 V
HR 885 5,47m 558 G4p
V396 5,47m 586 B8 IIIp Mn
30 5,49m 645 B8 V
HR 1215 5,49m 971 B1.5 V

Den α Persei ass den hellste Stär am Perseus a läit 592 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass en Iwwerris mat dem 62fachen Duerchmiesser an der 5000facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den arabeschen Numm Mirfak bedeit „Iëlebou“.

System Gréissten Ofstand
ε 2,9 / 7,4m 8,8"
ζ 2,9 / 9,4m 12,9"
η 3,9 / 8,5m 28"
57 6,1 / 6,8m 122"

Den ε Persei läit op enger Distanz vu 538 Liichtjoer an ass en Duebelstär.

983 Liichtjoer ewech läit e weidert Duebelstäresystem ζ Persei. D'System gehéiert zu enger OB-Associatioun vu Stären, déi och als II Perseus bezeechent ginn. All Membere vun dëser Associatioun sinn extreem liichtkräfteg bloelzeg a wäisselzeg Stäre vun de Spektralklassen O a B.

Verännerlech Stären

[änneren | Quelltext änneren]
Stär Gréisst Period Typ
β 2,12 bis 3,39m 2,867 Deeg Bedeckungsverännerlechen
ρ 3,3 bis 4,0m zirka 40 Deeg hallefreegelméisseg Verännerlechen

Den Algol (β Persei), den zweethellste Stär am Perseus, verännert seng Hellegkeet reegelméisseg iwwer en Zäitraum vun 2 Deeg an 21 Stonnen. Den Hellegkeetsoffall gëtt duerch e liichtschwaache Begleetstär verursaacht, dee virum hellen Haaptstär laanscht zitt. Den Algol gëtt dem Algoltyp vu bedeckungsverännerleche Stären säin Numm.
Den Algol representéiert d'A vun der mythologescher Medusa.

De ρ Persei ass e Roude Ris deen 325 Liichtjoer vun eis ewech ass. Seng Hellegkeet verännert sech iwwer en Zäitraum vu ronn 33 bis 40 Deeg.

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
34 1039 6m Oppene Stärekoup
76 650 9,0m Planetareschen Niwwel Klengen Hantelniwwel
744 7,9m Oppene Stärekoup
869 4,5m Oppene Stärekoup h Persei
884 4,5m Oppene Stärekoup Chi Persei
1342 6,7m Oppene Stärekoup
Tr 2 5,9m Oppene Stärekoup
Mel 20 1,2m Oppene Stärekoup
957 7,6m Oppene Stärekoup
1333 5,6m Reflexiounsniwwel
1444 6,6m Oppene Stärekoup
1499 5,0m Gasniwwel Kalifornienniwwel
1528 6,4m Oppene Stärekoup
1545 6,2m Oppene Stärekoup
1582 7,0m Oppene Stärekoup

Den M 34 ass en Oppene Stärekoup op enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer.

Déi zwéin Nopeschstärekéip h an Chi Persei kënne scho mat bloussem A als e niwwelege Fleck gesi ginn. Si sinn op enger Distanz vu 7.500 Liichtjoer.

Den M 76, e plantereschen Niwwel, ass den Iwwerrescht vun engem Stär op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer.

Den Oppene Stärekoup Melotte 20 (α Persei-Grupp) ass déi opfällegst Usammlung vu Stären ëm den Haaptstär Mirfak. Änlech wéi d'Hyaden mécht déi Grupp ee Beweegungskoup (kuckt och Stärestroum) an ass en Deel vun enger OB-Associatioun.

Den NGC 1499 ass en Emissiounsniwwel, deem seng Form un den US-Staat Kalifornien erënnert. Hie gëtt dofir och “Kalifornienniwwel” genannt.

Meteorstréim

[änneren | Quelltext änneren]

Am Perseus läit de Radiant vum Meteorstroum vun de Perseiden, dee säi Maximum ëm den 12. August all Joer erreecht.

Doriwwer eraus existéiert nach e schwaache Meteorstroum, d'September-Perseiden.

Portal Astronomie

Commons: Perseus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien