Triangulum (Stärebild)

Vu Wikipedia
Triangulum
Lëtzebuergeschen Numm Dräieck
Laténgeschen Numm Triangulum
Laténgesche Geenitiv Trianguli
Laténgesch Ofkierzung Tri
Positioun nërdlechen Himmel
Rektaszensioun 1h 31m bis 2h 51m
Deklinatioun +37° 20' bis +25h 35'
Fläch 132 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 50° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
β Trianguli,
3,00m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Andromeda
Pisces
Aries
Perseus
Kaart vum Stärebild Triangulum

D'Stärebild Triangulum (Dräieck) ass e Stärebild um nërdlechen Himmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Dräieck ass en onschäinbaart Stärebild, dat sech aus dräi Stären zesummesetzt. Nëmmen ee Stär erreecht déi 3. Gréissteklass.

Den Triangulum läit tëscht der Andromeda an dem Aries (Widder).

Op der Südhallefkugel fënnt een d'Géigestéck vum Dräieck– d'Triangulum Australis (Südlechen Dräieck).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Triangulm gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller aus der Antiquitéit, déi schonn vum Ptolemäus beschriwwe goufen. Bei de Griichen heescht et Trigonon oder Deltoton.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen m Lj Spektralklass
β 4 3,00 124 A5 III
α 222 Metallah, Elmuthalleth, Mothallah, Caput Trianguli 3,42 64 F6 IV
γ 9 4,03 118 A1 Vnn
δ 8 4,84 35 G0 V
ι 6 4,94m 305 F4 V
14 5,15 392 K5 III
7 5,25 293 A0 V
10 5,29 350 A2 V
12 5,29 155 F0 III
R 5,3 bis 12,6 1300 M4 IIIe-M8e / A5
15 5,38 204 M3 III
ε 3 5,50 370 A2 V
13 5,89
5 6,24 480

De β Trianguli, den hellste Stär am Triangulum, ass en Duebelstär op enger Distanz vun 124 Liichtjoer. Den Haaptstär huet de véierfachen Duerchmiesser an déi 70fach Mass vun eiser Sonn. De Begleetstär huet ongeféier d'Gréisst vun eiser Sonn. Béid Stären hunn en Ofstand vun 0,3 AE an ëmkreese sech an nëmmen 31,8 Deeg. Wéinst dem klenge Wénkelofstand kann ee se net am Teleskop gesinn.

Den α Trianguli, den Zweethellsten, läit 64 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Stär, dee wäiss liicht. Et handelt sech och ëm een enken Duebelstär, deen net am Teleskop observéiert ka ginn. Den Haaptstär huet déi 1,5fach Mass an déi 13fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Den Ofstand vun de Stären ass nëmmen 0,04 AE, si ëmkreese sech an 1,74 Deeg
Den Numm Elmuthalleth ass arabesch a bedeit „Dräieck“. De laténgeschen Numm „Caput Trianguli“ heescht „Spëtzt vum Dräieck“.

Den γ Trianguli ass 118 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech a liicht a blo-wäisser Faarf, säin Duerchmiesser ass zweemol méi grouss wéi dee vun eiser Sonn. De Stär rotéiert an nëmmen 12 Stonnen ëm seng eegen Achs.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System m Ofstand
ι 5,2 / 7,0 3,6"
15 5,4 / 6,8 143"

Den ιTrianguli (an neie Stärekatalogen meeschtens nëmmen als 6 Tri bezeechent) ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 305 Liichtjoer. Déi zwéi Stären, déi giel a wäiss liichten, kann ee scho mat klengen Teleskope gesinn.

De 15 Trianguli ass 150 Liichtjoer vun eis ewech an ass en Duebelstäresystem. Den Haaptstär ass en déifroude Risestär mat der rarer Spektralklass M4. Säi Begleeder ass e wäisse Stär mat der Spektralklass A5. Déi zwéi Stäre sti mat engem Ofstand vun 143 Bousekonne ganz wäit auserneen.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet m Period Typ
R 5,3 bis 12,6 266,9 Deeg Mira-Stär

Den R Trianguli ass e verännerleche Stär op enger Distanz vu ronn 1300 Liichtjoer. Et ass e Stär vum Typ Mira, dee seng Hellegkeet wärend enger Zäit vun 266,9 Deeg staark verännert. Wärend dem Hellegkeetsmaximum kann e mat bloussem A gesi ginn, am Minimum brauch een awer schonn e besseren Teleskop.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Amateurfoto vun der Galaxis M33 (NGC 598)
Messier (M) NGC aner m Typ Numm
33 598 11 Galaxis Dräiecksniwwel, Triangulum-Galaxis
604 Emissiounsniwwel
672 Galaxis
925 Galaxis
IC 1727 Galaxis
3C 48 Quasar
595 Gasniwwel

Am Triangulum steet och den Dräieckniwwel (M33), hie läit ronn 2,3 Millioune Liichtjoer vun eis an ass no dem Andromedaniwwel déi zweetnoost grouss Galaxis. Den Dräiecksniwwel, den Andromedaniwwel an eis Mëllechstrooss bilde mat enger Rei vu klenge Begleetgalaxien déi Lokal Grupp. Den Dräiecksniwwel gouf am Joer 1764 vum franséischen Astronom Charles Messier entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Triangulum – Biller, Videoen oder Audiodateien