Pisces (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Pisces
Lëtzebuergeschen Numm Fësch
Laténgeschen Numm Pisces
Laténgesche Geenitiv Piscium
Laténgesch Ofkierzung Psc
Rektaszensioun 22h 50m bis 2h 07m
Deklinatioun +33° 40’ bis -6° 20’
Fläch 889 Quadratgrad
Siichtbar op Breetegraden 84° Nord bis 56° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
η Piscium
3,62m
Meteorstréim Pisciden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Andromeda
Pegasus
Aquarius
Cetus
Aries
Kaart vum Stärebild Pisces. Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer

D'Stärebild laténgesch Pisces (Fësch) ass e Stärebild op der Ekliptik.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Pisces sinn en ausgedeent, awer wéineg opfällegt Stärebild südlech vum Stärebild Andromeda an dem Pegasus. Kee Stär vun de Pisces ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.

D'Pisces (Fësch) leien op der Ekliptik, dofir zéien Sonn, Mound an d'Planéiten duerch dëst Stärebild. Et gehéiert domat zu den Déierekreeszeechen. Allerdéngs huet sech den Duerchgank vun der Sonn opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs géintiwwer der Antiquitéit verännert. D'Sonn duerchwandert d'“Fësch“ tëscht dem 12. Mäerz an dem 18. Abrëll a Richtung Norden.

D'Ekliptik kräizt an de Fësch den Himmelsequator. Dëse Kräizungspunkt, de Fréijoerspunkt, ass den Urspronk vun de wichtegsten astronomesche Koordinatesystemer um Stärenhimmel. Den Zäitpunkt zu deem d'Sonn den Himmelsequator iwwerschreit, entsprécht dem astronomesche Fréijoersufank op der Nordhallefkugel. Dee Punkt fänkt allerdéngs zanter Mëtt vum leschte Joerhonnert un, de Beräich vun de Fësch ze verloossen a geet an den Aquarius (Waassermann) iwwer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild Pisces (Fësch) gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der griichescher Astronomie, déi schonn de Ptolemäus beschriwwen huet.

Am Joer 7 v. Chr. koum et an dësem Stärebild zu enger rarer dräifacher Konjunktioun tëscht Jupiter a Saturn (Gréisst Konjunktioun), dat heescht, déi zwéi Planéiten hu sech an der Zäit vun engem Joer dräimol getraff. Konjunktiounen tëscht Jupiter a Saturn trieden zwar ronn all 20 Joer op, awer déi wéinegst sinn direkt dräifach mat sou engem kuerze Wénkelofstand, datt déi zwéi Planéite bal wéi een eenzege Stär ausgesinn. – Kuckt dozou och „um Spaweck“.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Namen o. andere Bezeichnungen Gréisst Lj Spektralklass
ο Torcularis Septemtrionalis 4,26m 258 G8 III
ε 71 4,27m 190 K0 III
θ 10 4,27m 159 K1 III
α 113 Alrischa, Al Rescha, Kaitain 4,33m 139 A0pSiSr
YY 4,37m 415 M3 III
δ 63 4,44m 305 K4 IIIb
ν 106 4,45m 368 K3 IIIb Ba0.1
β 4 Fum al Samakah 4,48m 493 B6 Ve
λ 18 4,49m 101 A7 V
τ 83 4,51m 162 K0.5 IIIb
ξ 111 4,61m 191 K0 III
χ 84 4,66m 440 G8.5 III-IIIa
φ 85 4,67m 378 K0 III
υ 90 4,74m 311 A3 V
μ 98 4,84m 360 K4 III
HR 9067 4,88m 224 G9 III
κ 8 4,95m 162 A0p CrSi:Sr:
TX 4,95m 760 C5 II
TV 5,01m 491 M3 III
7 5,05m 341 K2 III
64 5,07m 78 F8 V
29 5,13m 409 B7 III-IV
89 5,13m 220 A3 V
82 5,15m 560 F0 V
ζ 86 5,21m 148 A7 IV
91 5,23m 344 K5
α Psc-B 5,23m 139 A3m
107 5,24m 24 K1 V
ψ1 74 5,33m 239 A1 Vn
ρ 93 5,35m 85 F2 V
55 5,36m 411 K0 III + F3 V
57 5,36m 588 M4 IIIa
41 5,38m 395 K3
52 5,38m 257 K0 III
5 5,42m 280 G8 III-IV
2 5,43m 280 K1
68 5,44m 705 G6
20 5,49m 292 G8 III
σ 69 5,50m 414 B9.5 V
94 5,50m 307 K1 III

Den hellste Stär an de Fësch ass den η Piscium, och Kullat Nunu genannt. Hie läit op enger Distanz vun 294 Liichtjoer vun eis ewech a liicht giel. Et ass e Risestär mat der véierfacher Mass, dem 25fachen Duerchmiesser an der 300facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.

De β Piscium ass e bloelzege Stär, deen op enger Distanz vu 493 Liichtjoer läit. Seng Spektralklass ass B6 V. Den Numm Fum al Samakah kënnt aus dem Arabeschen a bedeit sou vill wéi „d'Maul vum Fësch“.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Abstand
α 4,33 / 5,23m 1,9"
35 6,0 / 7,7m 11,6"
65 6,3 / 6,3m 4,4"
ζ Psc 5,2 / 6,3m 22,9"
ψ1 5,3 / 5,6m 30,0"

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
47 4,7 bis 5,4m 50 bis 85 Deeg Hallefreegelméisseg Verännerlechen
19 4,8 bis 5,2m Onreegelméisseg Verännerlecher

De 47 Piscium läit op enger Distanz vu 400 Liichtjoer an ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär, dee seng Hellegkeet iwwer en Zäitraum vu ronn 50 bis 85 Deeg verännert. Et ass e roudelzege Stär mat der Spektralklass M3 III.

Den 19 Piscium ass e Roude Ris mat der Spektralklass C5 II an ass 2.000 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet de 700fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn an ass ee vun deene gréisste bekannte Stären. Seng Hellegkeet ännert sech ouni erkennbar Reegelméissegkeet.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
M 74 628 9,4m Galaxis
488 10,3m Galaxis
524 10,3m Galaxis

An de „Fësch“ sinn dräi Galaxien ze gesinn. Eng dovun huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat de niwwelegen Objeten, de Messier-Katalog opgeholl.

De M 74 ass eng Galaxis op enger Distanz vun ronn 30 Millioune Liichtjoer. Et fënnt ee se westlech vum helle Stär η Piscium.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pisces (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie