Torcukaris (Stär)
Ausgesinn
Torcularis Septemtrionalis (lat. "(vun) der nërdlecher Wäipress") ass den Numm vum Stär ο (omikron) Piscium am Stärebild Pisces (Fësch).
Den Torcularis Septemtrionalis gehéiert zu der Spektralklass K0 an huet eng visuell Magnitude vu +4,5m. Hien ass zirka 258 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech (Hipparcos-Datebank).
Den Torcularis Septemtrionalis kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a ganz rar och vu Planéite bedeckt ginn.
Koordinate fir d'Equinoxe J2000.0:
- Rektaszensioun: 1h42m50s
- Deklinatioun: +9°09'27"