Déierekreeszeechen

Vu Wikipedia

D'Déierekreeszeechen (dacks falsch Stärenzeechen genannt, well kee Bezuch op d'Stäre besteet) deelen de Joreslaf vun der Sonn an 12 Ofschnëtter vun 30 Grad, déi fir d'Astrologie an de westleche Länner eng wichteg Roll spillen. Hir Nimm berouen op den 12 Stärebiller op der Ekliptik, mat deene se sech virun 2500 Joer gréisstendeels gedeckt hunn, géint déi si sech awer opgrond vun der Prezessioun verréckelt hunn (kuckt och Zodiak = Déierekrees).

D'Sonn leeft am Joreskrees duerch déi 12 Déierekreeszeechen. Beim Fréijoersufank, an der Reegel den 21. Mäerz, trëtt si an d'Zeeche vum Widder.

Horoskop[änneren | Quelltext änneren]

Den Déierekrees mécht d'Grondlag fir d'owendlännescht Horoskop. Hie setzt sech aus 12 Segmenter zesummen, vun deene jiddwereent vun engem Déierekreeszeechen duergestallt gëtt.

Déierekreeszeechen Symbolik ekliptesch
Längt
Zäitraum vum Sonnenduerchgang no Kalennerdeeg (tropesch)
lëtzebuergesch latäin
Widder Aries ♈ 0°-30° 21. Mäerz - 20. Abrëll (31 Deeg)

oder och 20. Mäerz - 20. Abrëll
heefege Feeler: 20. Mäerz - 21. Abrëll

Stéier Taurus ♉ 30°-60° 21. Abrëll - 20. Mee (30 Deeg)

munnechmol och: 21. Abrëll - 21. Mee (31 Deeg)

Zwilling Gemini ♊ 60°-90° 21. Mee - 21. Juni (31 Deeg)
Kriibs Cancer ♋ 90°-120° 21. Juni - 22. Juli (32 Deeg)

munnechmol och: 22. Juni - 22. Juli (31 Deeg)

Léiw Leo ♌ 120°-150° 23. Juli - 23. August (32 Deeg)

munnechmol och: 23. Juli - 22. August (31 Deeg)
munnechmol och: 22. Juli - 21. August (31 Deeg)

Jongfra Virgo ♍ 150°-180° 24. August - 23. September (31 Deeg)

munnechmol och: 23. August - 22. September (31 Deeg)

Wo Libra ♎ 180°-210° 24. September - 23. Oktober (30 Deeg)

munnechmol och: 23. September - 22. Oktober (30 Deeg)

Skorpioun Scorpius ♏ 210°-240° 24. Oktober - 22. November (30 Deeg)

munnechmol och: 23. Oktober - 21. November (30 Deeg)

Schëtz Sagittarius ♐ 240°-270° 23. November - 21. Dezember (29 Deeg)

munnechmol och: 22. November - 21. Dezember (30 Deeg)

Steebock Capricornus ♑ 270°-300° 22. Dezember - 20. Januar (30 Deeg)
Waassermann Aquarius ♒ 300°-330° 21. Januar - 19. Februar (30 Deeg)

munnechmol och: 21. Januar - 18. Februar (29 Deeg)
heefege Feeler: 21. Januar - 20. Februar (31 Deeg)

Fësch Pisces ♓ 330°-360° 20. Februar - 20. Mäerz (29/30 Deeg)

munnechmol och: 19. Februar - 20. Mäerz (30/31 Deeg)
heefege Feeler: 21. Februar - 20. Mäerz (28/29 Deeg)

D'Sonn wiesselt net ëm Hallefnuecht vun engem Déierekreeszeechen an dat nächst. De geneeën Zäitpunkt vum Iwwergank variéiert vu Joer zu Joer, well d'Sonnejoer net genee 365 Deeg laang ass, an et kann een dofir net an allgemeng Kalennerdeeg uginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Déierekreeszeechen – Biller, Videoen oder Audiodateien