Libra (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Libra
Lëtzebuergeschen Numm Wo
Laténgeschen Numm Libra
Laténgesche Geenitiv Librae
Laténgesch Ofkierzung Lib
Rektaszensioun 14h 21m bis 16h 02m
Deklinatioun 0° 30´ bis -30° 00’
Fläch 538 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 60° Nord bis 90° Süd
Beschten Observatiounzäitraum Spéitfréijoer, Summer
Stäre mat
Gréisst < 3
2
Hellste Stär,
Gréisst
β Librae
(Zuben-el-schemali)
2,61
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Serpens

Virgo
Hydra
Scorpius
Ophiuchus

Kaart vum Stärebild Libra. Déi gestréchelt rout Linn ass d'Ekliptik.

D'Libra (lb: Wo) ass e Stärebild op der Ekliptik.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Libra (Wo) ass e wéineg markant Stärebild tëscht dem Scorpius (Skorpioun) an der Virgo (Jongfra, Joffer). Zwéi vun de Stäre si méi grouss wéi 3. Gréissteklass.

D'Libra läit op der Ekliptik, soudatt Sonn, Äerdmound an d'Planéiten duerch si doduerch zéien. Si gehéiert sou zu den Déierekreeszeechen. Allerdéngs huet sech opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géintiwwer der Antiquitéit verännert. D'Sonn hält sech vum 30. Oktober bis den 23. November an der „Wo“ op.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Libra gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller vun der Antiquitéit, déi schonn vum Ptolemäus beschriwwe goufen. Den haitegen Numm Libra gouf ëm 100 n. Chr. vun de Réimer agefouert. Fir si huet Stärebild d'Sënnbild vun der Gerechtegkeet duergestallt.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β 27 Zuben-el-schemali (Zubeneschemali) 2,61m 120 B8 V
α2 9 Zuben-el-dschenubi (Zubenelgenubi) 2,75m 77 A3
σ 20 Brachium, Cornu 3,29m 292 M3 III
υ 3,60m
θ 39 3,6m 120 K4 III
τ 40 3,66m 400 B3 V
γ 38 Zuben-el-Akrab 3,91m 152 G8 IV
16 4,47m
ι 4,54m
37 4,61m
κ 4,71m
δ 13 Zuben-el-Akribi 4,9 bis 5,9m 304 B9 V
ε 4,92m
11 4,93m
48 4,95m
42 4,97m
λ 5,04m
36 5,13m
α1 5,13m
ν 21 5,19m
12 5,27m
μ 7 5,32m 250 A1 + A5
41 5,36m
η 5,41m
49 5,47m
ξ2 5,48m
ζ 5,53m
50 5,53m
32 5,64m
4 5,70m
ξ1 5,78m
34 5,82m
18 5,88m
47 5,95m

β Librae ass 120 Liichtjoer vun eis ewech an huet ee bloe Stär vun der Spektralklass B8 V.
Den Numm Zuben-el-schemali ass arabesch a bedeit „nërdlech Schéier“ (vum Skorpioun).

292 Liichtjoer ewech läit de Stär σ Librae (Brachium). Et ass e roudelzege Stär mat der Spektralklass M4 III.

Den γ Librae ass 152 Liichtjoer ewech. Den arabeschen Numm Zuben-el-Akrab bedeit „Schéier vum Skorpioun“.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréissten Ofstand
α 2,8 /5,2m 231"
ι 4,7/9,7m 8,5"
μ 5,7m/6,6m 2,0"

Den α Librae ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vu 77 Liichtjoer. Opgrond vum wäite Wénkelofstand vun 231 Bousekonne kënne si gutt gesi ginn. D'System läit bal genee op der Ekliptik, dofir gëtt et reegelméisseg vum Mound bedekt (Stärebedeckung).
Den arabeschen Numm Zuben-el-dschenubi bedeit „südlech Schéier“.

D'Duebelstäresystem ι Librae ass omheféier 250 Liichtjoer vun eis ewech.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
δ 4,9 bis 5,9m 2,327 Deeg Bedeckungsverännerlechen

Den δ Librae ass 304 Liichtjoer vun eis ewech an ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol. Seng Hellegkeet verännert sech reegelméisseg mat enger Period vun 2,327 Deeg.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
5897 8,6m Kugelstärekoup

An der Wo steet op enger Distanz vu 45.000 Liichtjoer e Kugelstärekoup mat der Bezeechnung NGC 5897.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Libra (Stärebild) – Biller, Videoen oder Audiodateien