Ophiuchus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Ophiuchus
Lëtzebuergeschen Numm Schlaangendréier
Laténgeschen Numm Ophiuchus
Laténgesche Genitiv Ophiuchi
Laténgesch Ofkierzung Oph
Rektaszensioun 16h 01m bis 18h 45m
Deklinatioun -30° 12' bis +14° 23'
Fläch 948
Siichtbar op de Breedegraden 80° Nord bis 80° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
5
Hellste Stär
Gréisst
Ras Alhague
(α Ophiuchi),
2,08m
Meteorstréim Ophiuchiden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Hercules
Serpens (Kapp)
Libra
Scorpius
Sagittarius
Scutum
Serpens (Schwanz)
Kaart vum Stärebild Ophiuchus
Duerstellung vum Johannes Keplers. Dee mat engeg ′N′ markéierte Stär um rietse Fouss vum Schlaangendréier ass d'Supernova, déi de Kepler entdeckt hat Supernova 1604
.

De Schlaangendréier (Latäin: Ophiuchus) ass ee Stärebild um Himmelsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Schlaangendréier ass ee grousst, awer wéineg opfällegt Stärebild um Summerhimmel. Well seng Stäre wäit ausernee gezunn a wéineg markant sinn, ass et net ganz einfach, dat Stärebild tëscht dem Hercules an dem Scorpius ze fannen.

Duerch de westlechen Deel zitt d'Band vun der Mëllechstrooss.

Och wann d'Ekliptik duerch de Schlaangendréier verleeft an d'Sonn sech do méi laang ophält (vum 30. November bis den 18. Dezember) wéi am Nopeschstärebild Skorpioun, gehéiert et net zu den Déierekreeszeechen. D'Stärebild vum Skorpioun war an der Antikitéit méi grouss, deemools hunn och seng "Schéieren" dozou gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Schlaangendréier (Ophiuchus) gehéiert zu den 48 Stärebiller vun der Antikitéit, déi schonn vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Am Ophiuchus liicht déi hell Supernova 1604.

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 55 Ras Alhague 2,08m 47 A5 II
η 35 Sabik 2,43m 84 A2.5 Va
ζ 13 Han 2,54m 458 O9.5 V
δ 1 Yed Prior 2,73m 170 M1 III
β 60 Cebalrai 2,76m 82 K2 III
κ 27 3,19 m 86 K2 IIIvar
ε 2 Yed Posterior 3,23m 108 G8 III
θ 42 3,27m 563 B2 IV
ν 64 3,32m 153 K0 III
72 3,71m 83 A4 IVs
γ 62 3,75m 95 A0 V
λ 10 Marfik 3,82m 166 A2 V
67 3,93m 1418 B5 Ib
70 4,03m 17 K0 V SB
44 4,16m 84 A3 IVm
χ 7 4,2 bis 5,0m 489 B2 Vne
45 4,28m 111 F3 III
φ 8 4,29m 210 G8 / K0 III
HR 6401 4,33m 20 K2 III
σ 49 4,34m 1173 K3 IIvar
ι 25 4,39m 234 B8 V
ξ 40 4,39m 57 F2 / F3V
68 4,42m 265 A2 Vn
ω 9 4,45m 175 Ap
ψ 4 4,48m 178 K0 III
HR 6493 4,53m 98 F3 V
ρ 70 4,57m 394 B2 V
μ 57 4,58m 549 B8 II-III MNp
υ 64 4,62m 122 A3m
71 4,64m 238 G8 III-IV
20 4,64m 121 F7 IV
41 4,72m 218 K2 III
τ 69 4,77m 170 F5 V
51 4,78m 426 A0 V
66 4,79m 677 B2 Ve
30 4,82m 402 K4 III
74 4,85m 269 G8 III
58 4,86m 57 F6 / F7V
HR 6196 4,91m 391 G8 II/III
e 5,03m 691 K4 II-III
ο 39 5,14m 363 K
23 5,23m 248 K2 III
HR 6128 5,24m 507 M2 comp
43 5,30m 600 K4 / K5III
HR 6516 5,31m 54 G8 IV-V
37 5,32m 777 M2III
HR 6985 5,38m 127 F5 III
HR 6136 5,41m 423 K4 IIIp
HR 6857 5,41m 147 K2 III
HR 6507 5,41m 206 A8 V
HR 6987 5,43m 103 F3 V
HR 6375 5,43m 132 F5 IV
HR 6686 5,44m 426 G9 III
HR 6800 5,50m 412 K2 III
Feilstär vum Barnard 9,5m 5,9

Den β Ophiuchi ass 84 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht orange an ass e Stär vun der Spektralklass K2 III. Den Numm Cebalrai ass arabesch a bedeit „Schéiferhond“.

Den δ Ophiuchi ass ee roudelzege Stär mat der Spektralklass M1 III op enger Distanz vun 170 Liichtjoer.
Den Numm Yed Prior ass aus dem arabeschen an dem Latäin zesummegesat a bedeit „viischt Hand“.

De giele Stär ε Ophiuchi ass 108 Liichtjoer ewech.
Säin Numm Yed Posterior bedeit „hënnescht Hand“.

De Feilstär vum Barnard ass dee Stär mat der gréisster Eegebewegung. Pro Joer leet hien eng Distanz vun 10 Bousekonnen zréck. An honnert Joer sinn dat ongeféier 15 Bouminutten, dat ass een hallwe Vollmoundduerchmiesser um Himmel. De Barnard-Stär ass nëmme 5,9 Liichtjoer vun eis ewech an no dem Alpha Centauri-System deen nächste Noper vun der Sonn. Hie beweegt sech weider op eist Sonnesystem zou a wäert a ronn 10.000 Joer op enger Distanz vu véier Liichtjoer laanscht zéien. De Barnard-Stär ass ee liichtschwaache rouden Zwergstär. Seng Liichtkraaft huet nëmmen 1/2500 vun eiser Sonn.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
α 2,08 / 7m
λ 4,2 / 5,2m 1,5"
τ 5,2 / 5,9m 1,8"
61 6,2 / 6,6m 7,1"
70 4,2 / 6,0m 4,3"

Den α Ophiuchi ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 47 Liichtjoer. De Haaptstär ass ee wäissbloe Stär mat der Spektralklass A5 III mat der 26facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Säi Begleeder huet huet déi 7. Gréissteklass, an ëmkreest den Haaptstär an 8,7 Joer.
Den arabeschen Numm Ras Alhague leet sech of vu Kapp vum Schlaangebeschwörer .

D'System ηOphiuchi ass 84 Liichtjoer ewech. Zwéi wäiss Stären ëmkreese sech an engem kuerzen Ofstand. Den arabeschen Numm Sabik bedeit „deen, dee virdru geet“.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
χ 4,2 bis 5,0m onregelméisseg Verännerlechen
RS 4,5 bis 12,5m Nova

Den χOphiuchi ass een onregelméisseg verännerleche Stär op enger Distanz vu 489 Liichtjoer.

Den RS Ophiuchi ass e Verännerleche vum Typ „zréckkommend Nova“. Dee rouden Zwergstär ass 12,5m hell. An onregelméissegen Ofstänn vu ronn 20 bis 30 Joer weist hien dramatesch Hellegkeetsausbréch, sou wéi an de Joren 1898, 1933, 1958, 1967, 1985, an 2006.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
9 6333 8m Kugelstärekoup
10 6254 6,5m Kugelstärekoup
12 6218 6,5m Kugelstärekoup
14 6402 7,5m Kugelstärekoup
107 6171 8m Kugelstärekoup
NGC 6240 Galaxis
NGC 6293 8,2m Kugelstärekoup
NGC 6304 8,4m Kugelstärekoup
NGC 6356 8,4m Kugelstärekoup
NGC 6366 10m Kugelstärekoup
NGC 6384 10,4m Galaxis
NGC 6572 8m Planetareschen Niwwel
NGC 6633 4,6m Oppene Stärekoup
IC 4665 6,5m Oppene Stärekoup
IC 4604 ρ Oph 4,6m Reflexiounsniwwel
Mel 186 3,0m Oppene Stärekoup

Am Schlaangendréier gëtt et eng Rei vu Kugelstärekéip, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog, dem Messier-Katalog, opgestallt huet.

Den M 10 läit op enger Distanz vu 15.000 Liichtjoer.

Den M 12 an den M 107 leien op enger Distanz vun 20.000 Liichtjoer.

Den M 9 an den M 14 sinn op enger Distanz vu 25.000 a 40.000 Liichtjoer.

Den IC 4665 ass een oppene Stärekoup op enger Distanz vun 1.200 Liichtjoer.

Den oppene Stärekoup Mel 186 ass mat enger totaler Hellegkeet vun 3,0 mag scho mat bloussem A ze fannen. Beim deem Stärekoup handelt et sech ëm dat net unerkannte Stärebild Kinnekleche Stéier vu Poniatowski.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ophiuchus – Biller, Videoen oder Audiodateien