Serpens (Stärebild)
Date vum Stärebild Serpens | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Schlaang |
Laténgeschen Numm | Serpens |
Laténgesche Geenitiv | Serpentis |
Laténgesch Ofkierzung | Ser
|
Rektaszensioun | 15h 10m bis 18h 59m |
Deklinatioun | +25° 40’ bis -16° 10’ |
Fläch | 637 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 74° Nord bis 64° Süd |
Beschten Observatiounszäitraum | Summer |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
1 |
Hellste Stär, Gréisst |
Unuk (α Serpentis), 2,63m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller Kapp vun der Schlaang (vun Norden am Auerzäresënn) |
Corona Borealis Bootes Virgo Libra Ophiuchus Hercules |
Nopeschstärebiller Schwanz vun der Schlaang (vun Norde am Auerzeigersënn) |
Ophiuchus Sagittarius Scutum Aquila |
De Serpens (Schlaang) ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Schlaang ass dat eenzegt Stärebild um Himmel, dat aus zwee net zesummenhängenden Deeler besteet. Déi béid Deeler ginn aus laang gezunnene Kette vu Stäre gemaach, déi vum Ophiuchus Schlaangendréier ënnerbrach ginn. Den ëstlechen Deel vun der Schlaang gëtt Serpens Caput (lat. Kapp vun der Schlaang), de westlechen Deel, Serpens Cauda (Schwanz vun der Schlaang) genannt.
De Serpens Caput läit am Randberäich vun der Mëllechstrooss. Hei fënnt een de bekannte Gasniwwel M 16, och Adlerniwwel genannt, an den oppene Stärekoup IC 4756. Am Serpens Cauda steet den opfällege Kugelstärekoup M 15.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Schlaang gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der anticker griichescher Astronomie, déi schonn de Ptolemäus beschriwwen huet.
Am Joer 1970 gouf an der Schlaang eng Nova FH Serpentis entdeckt.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 24 | Unuk, Unukalhai, Unuk al Hay, Cor Serpentis | 2,63m | 73 | K2 III |
η | 58 | 3,23m | 62 | K0 III-IV | |
μ | 32 | 3,54m | 156 | A0 V | |
ξ | 55 | 3,54m | 105 | F0 IIIp | |
β | 28 | Beta Serpentis (Chow) | 3,65m | 153 | A3 V |
ε | 37 | 3,71m | 70 | A2 Vm | |
γ | 41 | 3,85m | 36 | F6 V | |
θ1,2 | 63 | Alya | 4,03m | 132 | A5 V |
κ | 35 | 4,09m | 349 | M1 III | |
δ1 | 13 | 4,20m | 210 | F0 IV | |
ο | 56 | 4,24m | 168 | A2 Va | |
ν | 53 | 4,32m | 193 | A0 /A1 V | |
λ | 27 | 4,42m | 38 | G0 V | |
ι | 21 | 4,51m | 192 | A1 V | |
ζ | 57 | 4,62m | 76 | F3V | |
ρ | 38 | 4,74m | 395 | K5 III | |
π | 44 | 4,82m | 177 | A3 V | |
σ | 50 | 4,82m | 89 | F0 V | |
MQ | 5,06 | 81 | F8 III-IV | ||
36 | 5,09 | 159 | A3Vn | ||
10 | 5,15 | 122 | A8 IV | ||
τ1 | 9 | 5,16m | 919 | M1 III | |
R | 5,16 | 911 | M5 IIIe - M9e | ||
δ2 | 5,20 | 210 | F0 IV | ||
d | 59 | 5,20 | 479 | G0 III + A6 V | |
ω | 34 | 5,21m | 263 | G8 III | |
16 | 5,26 | 235 | K0p | ||
3 | 5,32 | 467 | K0 III | ||
χ | 20 | 5,34m | 228 | A0p Sr | |
6 | 5,35 | 244 | K3 III | ||
60 | 5,38 | 236 | K0 III | ||
HR 6016 | 5,39 | 494 | K4 III | ||
HR 6858 | 5,39 | 471 | K3 III | ||
25 | 5,39 | 408 | B8 III | ||
HR 5924 | 5,45 | 602 | M0 III | ||
11 | 5,50 | 270 | K0 III |
Den hellste Stär ass den α Serpentis am Kapp vun der Schlaang. Et handelt sech ëm e Stär, deen 73 Liichtjoer vun eis ewech läit. Et ass e Risestär deen orange liicht, mat dem 15fachen Duerchmiesser, an der 35facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Säin Numm Unuk ass arabesch an ass eng verkierzte Form vun "Unuk al Hay", „Hals vun der Schlaang“. Eng aner Bezeechnung ass "Cor Serpentis", laténgesch fir „Häerz vun der Schlaang“.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
β | 3,65 / 9,9 / 10,7m | 31 / 207“ |
δ | 4,2 / 5,2 / 14,7 / 15,2m | 4 / 66 / 4,4” |
θ | 4,5 / 5,4m | 22“ |
De β Serpentis ass e Méifachstäresystem, a besteet aus dräi Stären, déi ëm ee kollektive Schwéierpunkt kreesen. D'System ass 153 Liichtjoer vun eis ewech.
An der klassescher chineesescher Astronomie huet de β Serpentis Chow geheescht a war e Symbol vun der Zhou-Dynastie.
De δ Serpentis ass e Véierfachstäresystem op enger Distanz vun 210 Liichtjoer. Et besteet aus zwou Koppele vu Stären. Déi béid Komponenten A a B sinn Ënnerrise vun der Spektralklass F0 IV mat engem Wénkelofstand vu 4 Bousekonnen, déi sech an 3200 Joer ëmkreesen. De δ Serpentis B ass och nach e verännerleche Stär. Dat zweet System besteet aus de liichtschwaache Komponenten C an D, déi en Ofstand vu 4,4 Bousekonnen opweisen.
Den θ Serpentis ass en Duebelstär, deen 132 Liichtjoer wäit vun eis ewech ass. Déi zwéi Stäre gehéieren zu der Spektralklass A5.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
δ Serpentis B | 5,2m | 0,134 Deeg | Delta-Scuti-Stär |
R | 5,1 bis 14,4m | 356,4 Deeg | Mira-Stär |
U | 7,8 bis 14,7m | 237,9 Deeg | Mira-Stär |
χ | Alpha2-Canis-Venaticorum-Stär |
De δ Serpentis B ass e kuerzeperiodesche pulsatiounsverännerleche Stär. An engem Rhythmus vun nëmmen 3 Stonnen an 13 Minutte verännert sech seng Hellegkeet ëm knapps 0,04 Gréissteklassen.
Den R Serpentis ass e laangperiodesch verännerleche Stär vum Typ Mira op enger Distanz vun 900 Liichtjoer. Iwwer en Zäitraum vun 356,4 Deeg verännert hie seng Hellegkeet däitlech. Wärend dem Hellegkeetsmaximum ass hie mat bloussem A ze gesinn, an am Minimum brauch ee schonn e besseren Teleskop. Et ass e roudelzege Stär vun der Spektralklass M6 III.
Messier- an NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
M 16 | 6611 | Adlerniwwel | 6,0m | Gasniwwel | |
M 5 | 5904 | 5,7m | Kugelstärekoup | ||
6604 | 6,5m | Oppene Stärekoup | |||
6605 | 6,0m | Oppene Stärekoup | |||
IC 4756 | 4,6m | Oppene Stärekoup |
An dem Stärebild Serpens (Schlaang) sinn zwéin niwweleg Objete siichtbar, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog (Messier-Katalog) opgeholl hat.
Den M 5 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vu ronn 27.000 Liichtjoer. Et ass ee vun den hellste Kugelstärekéip um nërdlechen Himmel.
Den M 16 och Adlerniwwel genannt, ass 7.000 Liichtjoer vun eis ewech. Bekannt si Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop, déi gewalteg Gas- a Stëbswolleke weisen. Dës Regioun ass eng Gebuertsplaz vu Stären.
Den IC 4756 ass en onschäinbaren oppene Stärekoup op enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Serpens – Biller, Videoen oder Audiodateien |