Hercules (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Hercules
Lëtzebuergeschen Numm Herkules
Laténgeschen Numm Hercules
Laténgesche Geenitiv Herculis
Laténgesch Ofkierzung Her
Rektaszensioun 15h 48m bis 18h 58m
Deklinatioun +51° 20’ bis +3° 40’
Fläch 1225
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 39° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer, Summer
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
3
Hellste Stär
Gréisst
β Herculi
(Kornephoros)
(Ruticulus)
2,78m
Meteorstréim Tau-Herkuliden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Draco
Bootes
Corona Borealis
Serpens
Ophiuchus
Aquila
Sagitta
Lyra
Kaart vum Stärebild Hercules

Den Hercules ass e Stärebild um Nordhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Hercules ass dat fënneftgréisst Stärebild um Himmel. Well nëmmen dräi vu senge Stäre méi hell wéi déi 3. Gréissteklass sinn, ass et allerdéngs net weider opfälleg. Et fënnt een et tëscht de Stärebiller vun der Lyra mat dem hellen Stär Vega an dem markante Stärebild Corona Borealis. Déi bescht Observatiounsszäit ass de Fréisummer, well en dann am héchsten um Himmel steet.

Den Herkules enthält zwee interessant Kugelstärekéip, déi scho mat enger klenger Spektiv ka gekuckt ginn.

A Richtung Hercules ass de Apex vun eisem Sonnesystem. D'Sonn mat hire Planéite beweegt sech, relativ zu hiren Nopeschstären, mat 20 km/s op dëse „Punkz“ zou.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Konstellatioun gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller aus der Antiquitéit, déi dem Ptolemäus scho bekannt waren. Bei den antike Griichen huet et „Engonasin“ („Dee wou knéit“) geheescht. Spéider gouf d'Stärebild mat verschiddene mythesche Gestalten a Verbindung bruecht, wéi z. B.: Prometheus, Theseus, Orpheus oder Herakles (deen d'Réimer Hercules genannt hunn). Erhalen huet sech d'Deitung als Hercules.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β 27 Kornephoros, Ruticulus 2,78m 148 G8 III
ζ 40 2,81m 32 G0 IV
α 64 Ras Algethi 3,1 bis 3,7m 550 M5 Ib
δ 65 Sarin 3,12m 96 A3 IV
π 67 3,16m 400 K2 III
μ 86 3,42m 27 G5 IV
η 44 3,48m 80 G8 III
ξ 92 3,70m 150 G9 III
γ 20 3,74m 150 A9 III
ι 85 3,82m 500 B3 IV
ο 103 3,84m 150 B9 V
θ 91 3,86m
τ 22 3,91m 400 B5 IV
ρ 75 4,1m 300 A0 + A0
110 4,19m
σ 35 4,20m 200 B9 V
φ 11 4,23m
95 4,3m 300 A5 + G8
g 30 4,3 bis 6,3m 400 Mb III
111 4,34m
102 4,37m
λ 76 Maasym, Misam 4,41m 367 K3 III
ν 35 4,41m
ε 58 Cujam 4,57m
ω 24 Kajam, Cujam 4,57m 235 B9
113 4,57m
χ 1 4,60m
e 69 4,64m
93 4,67m
κ 7 Marfik, Mirfak 4,7m 500 G8 + K1
u 68 4,7 bis 5,4m 1200 B3 III
υ 6 4,72m
52 4,82m
h 29 4,84m
42 4,86m
60 4,89m
106 4,92m
A 104 4,96m
98 4,96m
51 5,03m
b 99 5,05m
87 5,09m
100 5,1m 250 A3 + A3
101 5,10m
t 107 5,12m
70 5,13m
i 43 5,15m
f 90 5,17m
l 45 5,22m
s 5,24m
96 5,25m
d 59 5,27m
105 5,30m
53 5,34m
y 82 5,35m
2 5,35m
54 5,35m
w 72 5,38m
c 5,41m
112 5,43m
9 5,46m
89 5,47m

Den β Herculi, ass den hellste Stär am Stärebild Hercules, et ass e giele Stär mat der Spektralklass G8 an ass 148 Liichtjoer vun eis ewech.
Den algriicheschen Numm Kornephoros bedeit „Keulendréier“. De Stär gëtt och Ruticulus genannt.

Den μ Herculi ass 27 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet déi 1,1fach Mass vun eiser Sonn a liicht och giel.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
α 3,4m/5,4m 4,6"
κ 5,0m/6,3m 27,5"
95 5,0m/5,2m 6,3"
100 5,9m/5,9m 14,2"
ρ 4,5m/5,5m 4,2"

Den α Herculi, den drëtthellste Stär am Hercules, ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 430 Liichtjoer. Den Haaptstär ass e Roude Ris mat der Spektralklass M5, an engem 500fachen Duerchmiesser a 830facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Seng Uewerflächentemperatur ass mat ronn 3.000 Kelvin relativ niddreg. E Groussdeel vu senger Stralung gëtt hien an Infrarout of. De Begleetstär gehéiert zu der Klass G5. D'System ka scho mat engem klengen Teleskop an Eenzelstäre getrennt ginn. Den Haaptstär liicht orangerout, de Begleetstär liicht gréng!.
Den Numm Ras Algethi ass arabesch a bedeit sou vill wéi „de Kapp vun deem, wou knéit“.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
α 3,0 bis 4,0m 90 bis 100 Deeg Hallefreegelméisseg
30 4,3 bis 6,3m 70 bis 90 Deeg Hallefreegelméisseg
68 4,7 bis 5,4m 2,05 Deeg Beta-Lyrae-Stär

Den Haaptstär vum System Ras Algethi ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär deem seng Hellegkeet iwwer Zäitraim vu 90 bis 100 Deeg variéiert.

Den 68 (u) Herculis ass e verännerleche Stär vum Typ Beta-Lyrae-Stär. Et handelt sech ëm een liichtkräftege Stär op enger Distanz vun 1200 Liichtjoer.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
13 6205 6,5m Kugelstärekoup
92 6341 9,5m Kugelstärekoup
6210 8,8m Planetareschen Niwwel

De M 13 gëllt als de beandrockendste Kugelstärekoup vum Nordhimmel. Hie steet op enger Distanz vu 25.000 Liichtjoer vun eiser Sonn a besteet aus zirka 300.000 Stären.

Den M 92 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vun 30.000 Liichtjoer.

Den NGC 6210 ass e planetareschen Niwwel op enger Distanz vun 3.000 Liichtjoer. Mat engem Duerchmiesser vun 0,3 Bouminutten ass et kee groussen Niwwel.

Exoplanéiten / Planemos[änneren | Quelltext änneren]

Den HD 149026 am Hercules ass e giele Stär, ëm deen all 2,87 Deeg an engem Ofstand vun 0,046 AE e saturngrousse Planemo kreest a vun eis aus gesinn en Transit mécht. Hien huet 36 % vun der Jupitermass (Typ: "Hot Jupiter", 72 % vun deem sengem Duerchmiesser). Iwwer 50 % vu senger Mass (ronn 70 Äerdmassen) entfalen dobäi interessanterweis op e feste Kär (Sou eppes kennt een nach net vun engem anere Gasris!). Den Zentral-Objet (Stär-Spektralklass: G0; spektroskopesch Gréissteklass: 8,15 m) huet 1,3 Sonnemassen a läit 250 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech

Den HD 149026b ass dee bis elo wäermste bekannte Planéit am Universum.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hercules (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien