Sonnenapex
De Sonnenapex ass de Fluchtpunkt vun eiser Sonnebeweegung am Verglach zur Moyenne vun den helle Stären an der Noperschaft a läit am Stärebild Hercules, südwestlech vun der Vega. Déi entgéintgesate Richtung nennt een Antapex a läit am Stärebild Columba (Dauf).
Déi éischt Bestëmmung vum Apex gouf 1783 vum Wilhelm Herschel duerchgefouert. Vun 1822 un hat och de Carl Friedrich Gauß mat ënnerscheedleche Methode de Sonnenapex berechent, d'Rechnunge selwer awer ni publizéiert. Spéider gouf déi wichtegst Method vum Auguste Bravais an dem George Biddell Airy onofhängeg zeréckentdeckt. Eréischt no 1900 gouf kloer, datt eng Haaptschwieregkeet bei der Bestëmmung vum Apex d'Sonnebeweegung op der anisotroper Vitessverdeelung vun de Stäre berouht. No den aktuelle Wäerter vum Ufank vum 21. Joerhonnert beweegt sech d'Sonn mat 19.7 km/s a Richtung vum Apex, dee bei enger galaktescher Längt vu 57° an enger galaktescher Breet vun 22° läit.
D'Apexbeweegung muss bei der Auswäertung vu Vitessmiessungen an der Mëllechstrooss beuecht ginn, fir aus der Relativvitess zu der Sonn Réckschlëss op déi tatsächlech galaktesch Beweegunge zéien ze kënnen.
An Uleenung un de Sonnenapex gëtt virun allem bei Meteorobservatiounen de Fluchtpunkt vun der Äerdbeweegung relativ zu der Sonn als Äerdapex bezeechent. Den Äerdapex wandert am Laf vun engem Joer der Sonn op der Ekliptik ëm ronn 90 Grad hannendrun. E steet also an de fréie Mueresstonne besonnesch héich um Himmel, woufir een an der zweeter Nuetshalschent dacks méi Meteore ziele ka wéi an der éischter Nuetshalschent. Vun der Äerd aus gesinn kuckt een dann an déi Richtung, an déi sech d'Äerd mat ronn 30 km/s beweegt. D'Stëbsdeelercher, déi si dobäi „sammelt“, kann een als Meteore (Stäreschnuppe) da besonnesch gutt gesinn.