Sagitta (Stärebild)
Date vum Stärebild Sagitta | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Fäil |
Laténgesche Numm | Sagitta (Sga)
|
Laténgesche Geenitiv | Sagittae |
Positioun | Himmelsequator |
Rektaszensioun | 18h 57m bis 20h 20m |
Deklinatioun | +16° 10’ bis +21° 40’ |
Fläch | 80 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 70° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Summer |
Zuel vun de Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
γ Sagittae, 3,51m |
Meteorstréim | |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Vulpecula Hercules Aquila Delphinus |
De Sagitta (lb:Fäil) ass e Stärebild vum nërdlechen Himmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]De Sagitta ass dat drëttklengst Stärebild um Nuetshimmel. Véier Stäre vun der 3. a 4. Gréissteklass maachen e Feil, woubäi den Hellste (γ Sagittae) d'Spëtz symboliséiert.
Et fënnt een d'Stärebild tëscht dem Cygnus an dem Aquila. Et läit matzen am stäreräichste Gebitt vun der Mëllechstrooss an enthält de Kugelstärekoup M71.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Vill al Kulturen, wéi d'Perser, Hebräer, Griichen an d'Réimer hu schonn an dësem Stärebild e Feil gesinn.
Sou gehéiert de Sagitta zu den 48 klassesche Stärebiller aus der Antiquitéit, déi vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]Stär | Numm | Gréisst | |||
---|---|---|---|---|---|
γ | 12 | 3,51m | 247 | M0 III | |
δ | 7 | 3,68m | 448 | M2 II + B6 | |
α | 15 | Sham | 4,39m | 473 | G0 III |
β | 6 | 4,39m | 467 | G8 II | |
ζ | 8 | 5,01m | |||
η | 16 | 5,09m | |||
13 | 5,33m | ||||
11 | 5,54m | ||||
1 | 5,65m | G8 III | |||
ε | 4 | 5,66m | G8 III | ||
14 | 5,73m | ||||
15 | 5,80m | ||||
18 | 6,11m | ||||
9 | 6,24m | ||||
2 | 6,27m | ||||
θ | 17 | 6,5m | |||
3 | 6,84m |
Den hellste Stär am Fäil, γ Sagittae, ass ronn 274 Liichtjoer vun eis ewech, e liicht orange an ass e Roude Ris. De Stär huet d'Enn vu senger Entwécklung erreecht a sech op de 55fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn opgeblosen.
De gielen α Sagittae ass 473 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet den 20fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.
Den Numm Sham ass arabesch a bedeit „Fäil“.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
δ | 3,68 / 3,8m | |
ε | 5,7 / 7,8m | 90" |
ζ | 5,5/ 8,4m | 8,4" |
15 | 5,8 / 6,8m | 213" |
15 | 6,59 / 8,9m |
Den ε Sagittae ass e Méifachstäresystem vun dräi Stären.
Den ζ Sagittae ass e physikaleschen Duebelstäresystem, bei deem sech zwéi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt dréinen.
De 15 Sagittae ass en Duebelstär op enger Distanz vu 60 Liichtjoer. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklasse G1 an A2. Si stinn op engem Wénkelofstand vun 213 Bousekonnen.
Messier- an NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
71 | 6838 | 8,5m | Kugelstärekoup |
Am Sagitta ass op enger Distanz vun 18.000 Liichtjoer de Kugelstärekoup M71. De franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier huet de Kugelstärekoup a säi Katalog mat den niwwelegen Objeten opgeholl.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sagitta – Biller, Videoen oder Audiodateien |