Messier 71

Vu Wikipedia
Messier 71
Foto vum Messier 71 opgeholl vum Till Credner a Sven Kohle, Calar Alto-Observatoire
Stärebild Sagitta (Sga)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 19h 53m 46,11s
Deklinatioun +18° 46' 42,3"
Ausgesinn
Konzentratiounsklass X bis XI
Visuell Magnitude 6,1 magm
Wénkelduerchmiesser 7,2'
Physikalesch Donnéeën
Distanz   13000 Lj. / 4000 PC(Lj)
Routverrécklung  (−267 ± 17)  10−6
Radialvitess  (−80 ± 5)
Geschicht
Entdecker  J.-P. de Chéseaux
Entdeckungsdatum  1746
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  71
NGC  6838
C   1951+186

Den Messier 71 (och NGC 6838 genannt) ass e +6,1 mag helle Kugelstärekoup mat enger Wénkelausdehnung vu 7,2' am Stärebild Sagitta.

Méiglecherweis gouf dësen Objet vum de Chéseaux am Joer 1746 entdeckt. De Méchain hat am Juni 1780 geséchert Observatioune gemaach an de Charles Messier informéiert, deen de Stärekoup nach am selwechte Joer a säi Katalog[1] opgeholl hat.

D'Gruppéierung vum M71 als Kugelstärekoup war laang ëmstridden, well de Koup zimmlech oppen ass. De Koup gouf dofir meeschtens als dichten oppene Stärekoup kategoriséiert.

Hellegkeet[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Observatioun vum Objet, ass en Instrument mat op d'mannst sechs Zoll Objektivduerchmiesser ze gebrauchen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 71 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Robert Burnham jr.: Burnham's Celestial Handbook Volume Three, Dover Publications New York (c) 1978, p. 1544 and 1545, ISBN 0-486-23673-0