Messier 54

Vu Wikipedia
Kugelstärekoup Messier 54

De Messier 54 (och als NGC 6715 bezeechent) ass e +7,70 mag helle Kugelstärekoup mat enger Flächenausdehnung vun 9,1' × 9,1' am Stärebild Sagittarius, südlech vum Stär Nunki.

De Kugelstärekoup gëtt besonnesch observéiert, zanter datt bekannt ass, datt hien net zum Kugelstärekoupsystem vun der Mëllechstrooss gehéiert, mä mat der Sagittarius-Zwerggalaxie associéiert ass. Well déi Galaxie, déi no der Canis-Major-Zwerggalaxie den noosten Noper vun eiser Mëllechstrooss ass, eréischt 1993 entdeckt gouf, gouf de Messier 54 bis dohin als Kugelstärekoup vun eiser Mëllechstrooss gezielt. Zesumme mat dem Messier 79, dee mat der Canis-Major-Zwerggalaxie associéiert ass, ass hien dofir ee vun deene mat am längste bekannten aussergalaktesche Kugelstärekoup.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 54 – Biller, Videoen oder Audiodateien