Omeganiwwel
| Date vum Omeganiwwel | |
|---|---|
| Objettyp | Emissiounsniwwel (Typ H-II) |
| Stärebild | Sagittarius (Sgr)
|
| Positioun (Equinoxe J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 118h 20m 48,00s |
| Deklinatioun | -16° 11' 00,0" |
| Ausgesinn | |
| Visuell Magnitude | +6,00 mag |
| Wénkelduerchmiesser | 11,0' |
| Physikalesch Daten | |
| Gehéiert zum | Sagittarius-Carina Aarm (Mëllechstrooss) |
| Distanz | zirka 5.000 Liichtjoer |
| Absolut Hellegkeet | -7,0M |
| Absolutten Duerchmiesser | zirka 40 Liichtjoer |
| Radialvitess | |
| Geshicht | |
| Entdecker | J.-P. de Chéseaux |
| Entdeckungsjoer | 1745 |
| Katalogbezeechnungen | |
| Messier 17, NGC 6618 | |
Den Omeganiwwel (och mat Messier 17 oder NGC 6618 bezeechent, seelen och Schwanenniwwel oder Houfeisenniwwel) ass en Emissiounsniwwel am Norddeel vum Stärebild Sagittarius. En huet eng visuell Magnitude vu +6,00 mag an en Duerchmiesser vun 11'.
Hie gëtt duerch d'Stralung vun de bannenzege jonke Stären zum liichten ugereegt a liicht an engem roude bis rosae Faarftoun. E läit am Sagittarius-Aarm, engem niwwelräiche Stäregebuertsgebitt, an erstreckt sech am siichtbare Beräich iwwer 15 Liichtjoer. D'Matièreusammlung dogéint erstreckt sech wäit weider iwwer 40 Liichtjoer am Duerchmiesser. Et entstinn ëmmer nach Stären an dësem H-II-Gebitt, wat och déi jonk 35 Stäre weisen, déi am Kugelstärekoup bannen am Niwwel verstoppt sinn. Den Niwwel ëmfaasst ronn 800 Sonnemassen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Messier 17 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) M17 bei SEDS
