Messier 49

Vu Wikipedia
Messier 49
D'Galaxis Messier 49
Stärebild Virgo (Vir)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 12h 29m 46.76s
Deklinatioun + 7° 59' 59,9"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz E2/S0;
Sy2 LINER
Visuell Magnitude 8,3 magm
Wénkelduerchmiesser 10.2/8.3
Flächenhellegkeet
mag/arcmin2 
13,2
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu   Virgo-Galaxiëkoup
Distanz   (52±7) Mio. Lj.(Lj)
Routverrécklung  0,003339 ± 0,000033
Radialvitess  (+999 ± 10)
Geschicht
Entdecker  Charles Messier
Entdeckungsdatum  19. Februar 1771
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
NGC  4472
PGC  41220
Arp  134
UGC  7629
MCG  +01-32-083
ZWG  42.134
GC  3021
h  1294

De Messier 49 (och als NGC 4472 bezeechent) ass eng 8,3 mag hell elliptesch Galaxis mat enger Flächenausdeenung vun 10,2' × 8,3' am Stärebild Virgo.

De Messier 49 war déi éischt Galaxis vum Virgo-Galaxiëkoup, déi fonnt gouf. Entdeckt gouf si den 19. Februar 1771 vum Charles Messier. M49 ass och den hellste Member vun dësem Galaxiëkoup. Hien ass ronn 60 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Genee wéi déi zwou Galaxië Messier 60 a Messier 87, déi och Member vun deem Koup sinn, ass M49 eng elliptesch Risegalaxis, déi een helle kompakte Kär an e wäit ausgedeenten diffusen Halo huet. An der Hubble-Sequenz gëtt déi Galaxis mat Typ E2 uginn. Si ass d'Haaptgalaxis vun der südlecher Ënnergrupp Koup B vum Virgo-Koup.

D'Galaxis besëtzt e System vu Kugelstärekéip, dat allerdéngs mat ronn 7000 Membere wäit manner grouss ass wéi de Kugelstärekoupsystem vum M87. Wéi vum Satellit XMM-Newton festgestallt gouf, sent ee vun den hellste vun dësem Kugelstärekoup staark Röntgenstralen aus. Wëssenschaftler huelen un, datt d'Quell e Schwaarzt Lach am Zentrum vum Kugelstärekoup ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 49 – Biller, Videoen oder Audiodateien