John Herschel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
John Herschel
John Herschel by Jula Margaret Cameron, Abril 1867.jpg
Gebuertsnumm John Frederick William Herschel
Gebuer 7. Mäerz 1792
Windsor
Gestuerwen 11. Mee 1871
Kent
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich (1801-1927)
Educatioun St John's College
Aktivitéit Astronom, Fotograf, Schrëftsteller, Mathematiker, Chimist, Physiker
Member vun Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Royal Astronomical Society, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, American Philosophical Society, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen
Famill
Papp Wilhelm Herschel
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Sir John Frederick William Herschel gebuer de 7. Mäerz 1792 zu Slough bei Windsor a gestuerwen den 11. Mee 1871 zu Hawkhurst, Kent, war e briteschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den John Herschel war de Jong vum Wilhelm Herschel a gouf Jurist. Spéider huet hie sech, wéi säi Papp och, sech mat Astronomie beschäftegt an huet deem säin Observatoire iwwerholl.

Hien huet entdeckt, datt d'Magellanesch Wolleken aus Stäre bestinn. Hien huet och verschidde Stärekatalogen erausginn an huet de Julianeschen Datum an d'Astronomie agefouert. Am Joer 1831 gouf hie geadelt, 1848 President vun der Royal Astronomical Society an 1850 kinnekleche Mënzmeeschter.

Seng Villsäitegkeet huet hie bei neie fotografesche Procedéë bewisen. Hien huet d'Cyanotypie verbessert. Am Joer 1842 huet hien de fotografesche Prozess fir d'Beliichte vu Pabeierbiller op der Basis vu colloidalem Gold entdeckt, dat hie Chrysotypie genannt huet.

Den Herschel gouf no engem Staatsakt an der Westminster Abbey begruewen.

E Moundkrater J. Herschel-Moundkrater ass no him genannt.

Description of a machine for resolving by inspection certain important forms, 1832

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Herschel – Biller, Videoen oder Audiodateien