Messier 44

Vu Wikipedia
Date vum Messier 44
Stärebild (Cnc)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 08h 40,4m
Deklinatioun +19° 41'
Ausgesinn
Klassifikatioun II,2,m (Trumpler),
d (Shapley)
magV +3,1m
magB 3,46m
Wénkelduerchmiesser 95' 
Stärenzuel 350
Alter 730 Mio.
Liichtjoer 577
Katalogbezeechnungen
M 44, NGC 2632, OCl 507, C 0837+201, Mel 88, Cr 189, Lund 468

De Messier 44, M 44 oder Praesepe (lat. fir Krëpp), och NGC 2632, gëtt an der Astronomie deen Oppene Stärekoup genannt, deen owes um Wanter- a Fréijoershimmel scho mat bloussem A als klengen Niwwelfleck ze gesinn ass. Déi himmlesch Fudderkrëpp, eng Aart Schimmer tëscht zwéi Stären am Stärebild Cancer, huet fréier och emol fir kuerzfristeg Wiederprognose hiergehalen, well si bei Cirrus-Wolleken net ze gesi waren.

Dëse Stärekoup (och M 44 nom Messier-Katalog) ass den drëtthellste vu senger Aart a fält op senger Positioun op, well et am Cancer keng méi hell Stäre wéi 4. Gréissteklass gëtt. Hie läit eppes westlech vun enger geduechter Linn vun den zwéi Stären γ Cnc an δ Cnc, déi och Asellus Borealis an Asellus Australis genannt ginn (nërdlechen a südlechen Iesel) an ass d'Fudderkrëpp vun den zwee Laaschtdéieren. Am Praesepe sinn iwwer 300 Stären an de Gréisseklassen tëscht 6m an 12m.

D'Nopeschstärebiller vum Cancer sinn déi opfälleg Stärebiller vu Gemini an dem Leo. De Planéit Saturn ass 2005/06 zimmlech no beim Praesepe laanscht gezunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 44 – Biller, Videoen oder Audiodateien