Messier 46

Vu Wikipedia
Den oppene Stärekoup Messier 46

De Messier 46 (och NGC 2437 bezeechent) ass e +6,10 mag hellen oppene Stärekoup mat enger Gréisst vun 27' × 27' am Stärebild Puppis. D'Bezeechnung steet fir d'Nummer am Messier-Katalog.

De Stärekoup läi ongeféier 5400 Liichtjoer vun eis ewech an erstreckt sech iwwer e Gebitt vun 30 Liichtjoer. D'Stären am Koup sinn ongeféier 300 Millioune Joer al. Virum Stärekoup läit de planetareschen Niwwel NGC 2438, den allerdéngs net zum Stärekoup gehéiert an nëmmen 3000 Liichtjoer wäit ewech läit.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]