NGC 2438

Vu Wikipedia
NGC 2438
Foto opgeholl mat engem 80cm-Teleskop
Stärebild Puppis (Pup)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 7h 41m 50,38s
Deklinatioun -14° 44' 08,8"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz PN
Visuell Magnitude +10,8 mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
+10,01 mag
Wénkelduerchmiesser 1,27' × 1,27'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 2.900
Routverrécklung +0,000252
Radialvitess +75,4 km/s
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 19. Mäerz 1786
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CS 17.7
GC 1565
h 464
H 4.39
NGC 2438
PK 231+4.2

NGC 2438 ass d'Bezeechnung vun engem planetareschen Niwwel am Stärebild Puppis. Den NGC 2438 ass ëm 2900 Lj vun eiser Äerd entfernt.

Bei Beobachtunge kéint ee mengen, datt den NGC 2438 en Deel vum Messier 46 (och NGC 2437 genannt) ass, well déi zwéin an der selwechter Richtung leien. Den M 46 ass awer 2500 Lj méi wäit ewech. An der Mëtt vum NGC 2438 steet de wäissen Zwerg HD 62099 deen eng visuell Magnitude vu 17,7 mag huet.

Den NGC 2438 gouf den 19. Mäerz 1786 vum Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 2438 – Biller, Videoen oder Audiodateien