Hubble-Typ

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hubble-Sequenz)

D'Hubble-Sequenz, e morphologescht Uerdnungschema fir Galaxien, gouf am Joer 1936 vum Astronom Edwin Hubble entwéckelt.

An dësem Schema (och Stëmmforchettsdiagramm) stinn E0 bis E7 fir eng Elliptesch Galaxis mat zouhuelender Ofplattung, Sa bis Sc fir eng Spiralgalaxis , SBa bis SBc fir eng Balkespiralgalaxis an Ir fir eng irregulär Galaxis. S0 an SB0 sinn d'Iwwergangstyppe vun der lënsefërmeger (oder lentikulärer) Galaxis.

Déi eenzel Galaxientyppe sinn am Artikel Galaxis méi no beschriwwen.

Den Hubble huet an dëser Duerstellung eng méiglech Entwécklungssequenz fir Galaxië gesinn. D'Fuerschunge vun de leschte Joren hunn awer gewisen, datt d'Galaxienentwécklung wäitaus méi komplex ass a sech net duerch eng einfach Sequenz duerstelle léisst. Trotzdeem gëtt ëmmer nach, eigentlech onkorrekt, elliptesch Galaxien als fréi Galaxien am Géigesaz zu de spéide Spiralgalaxien, bezeechent. Dem Hubble seng morphologesch Andeelunge vun de Galaxië ginn haut nach gebraucht.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Typ Numm
vun der Beispillgalaxis
Rektaszensioun Deklinatioun
E0 M89 (NGC 4552) 12h 35m 39,8073s +12° 33' 22,829"
E1 M105 (NGC 3379) 10h 47m 49,600s +12° 34' 53,90"
E2 M60 (NGC 4649) 12h 43m 39,66s +11° 33' 09,4"
E3 M86 (NGC 4406) 12h 26m 11,743s +12° 56' 46,40"
E4 NGC 1700 04h 56m 56,33s -04° 51' 56,7"
E5 M59 (NGC 4621) 12h 42m 02,32s +11° 38' 48,9"
E6 NGC 821 02h 08m 21,14s +10° 59' 41,7"
E-S0 NGC 4379 12h 25m 14,7s +15° 36' 28"
S0 NGC 3 0h 7m 16,8s +8° 18' 5,9"
SB0 NGC 4386 12h 24m 77,7s +75° 31' 46"
Sa NGC 11 0h 8m 42,5s +37° 26' 52,5"
Sb M81 (NGC 3031) 09h 55m 33,17s +69° 03' 55,1"
Sc M74 (NGC 628) 01h 36m 41,77s +15° 47' 00,5"
SBa NGC 23 00h 09m 53,41s +25° 55' 25,6"
SBb M58 (NGC 4579) 12h 37m 43,5223s +11° 49' 05,488"
SBc NGC 7 0h 8m 20,9s -29° 54' 53,6"
Im NGC 4376 12h 25m 18,1s +05° 44' 28"

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Galaxy morphological classification – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie