Messier 105
Ausgesinn
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
| Stärebild | Leo (Leo) | ||||
| Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
| Rektaszensioun | 10h47m49.75s | ||||
| Deklinatioun | +12° 34' 54,6" | ||||
| Ausgesinn | |||||
| Hubble-Sequenz | E1 LINER | ||||
| Visuell Magnitude | +9,5 magm | ||||
| Wénkelduerchmiesser | 5.1/4.7 | ||||
| Flächenhellegkeet mag/arcmin2 |
+13,1 mag | ||||
| Physikalesch Donnéeën | |||||
| Gehéiert zu | M96-Grupp | ||||
| Routverrécklung | (3039 ± 8) ∙ 10−6 | ||||
| Radialvitess | (+911 ± 2) | ||||
| Geschicht | |||||
| Entdecker | Pierre Méchain | ||||
| Entdeckungsdatum | 24. Mäerz 1781 | ||||
| Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
| M | 105 | ||||
| NGC | 3379 | ||||
| PGC | 32256 | ||||
| UGC | 5902 | ||||
| MCG | +2-28-11 | ||||
| ZWG | 66.18 | ||||
| GC | 2203 | ||||
| h | 757 | ||||
| H | 1.17 | ||||
De Messier 105 (och als NGC 3379 bezeechent) huet eng visuell Magnitude vu +9,50 mag. Déi hell elliptesch Galaxie mat enger Flächenausdeenung vu 5,1' × 4,7' läit am Stärebild Leo. Si gehéiert zu der M96-Grupp.
Héichopléisend Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop weisen ëm dat zentraalt Schwaarzt Lach eng rankfërmeg Struktur, déi séier rotéiert. No Berechnungen huet d'Mass vum Schwaarze Lach ronn 50 Millioune Sonnemassen.[1] An noer Ëmgéigend läit déi elliptesch resp. lënsefërmeg Galaxie NGC 3384.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De Messier 105 gouf de 24. Mäerz 1781 vum franséischen Astronom Pierre Méchain entdeckt. Si gouf eréischt méi spéit an de Messier-Katalog opgeholl.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Messier 105 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Eng aner Foto
[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Massive Black Holes Dwell in Most Galaxies, According to Hubble Census, 13. Januar 1997
