Messier 67

Vu Wikipedia
Messier 67
GALEX-Foto vum Messier 67
Stärebild Cancer (Cnc)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 08h 51m 18s
Deklinatioun + 11° 48'[1]
Ausgesinn
Konzentratiounsklass II,2,m (Trumpler),
f (Shapley)[2]
Visuell Magnitude 6,9[1]m
Wénkelduerchmiesser 30'[2]
Hellste Stär 10,0[2]m
Physikalesch Donnéeën
Distanz   2700
PC = 830[2](Lj)
Routverrécklung  (108 ± 4)  10−6
Radialvitess  (+32,3 ± 1,1)[1]
Alter  4 Mrd.[2]
Geschicht
Entdecker  J. G. Köhler
Entdeckungsdatum  1779
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  67
NGC  2682
C   0847+120
OCl  549
Cr  204
Lund  490

De Messier 67 (och bezeechent als NGC 2682) ass e +6,9 mag hellen oppene Stärekoup mat enger Wénkelgréisst vun 30' am Stärebild Cancer. De Stärekoup ass mat ronn 500 Memberen zimmlech liicht mat enger Spektiv ze fannen.

Wëssenschaftlech zielt de Messier 67 zu engem vun deene Stärekéip déi am grëndlechsten ënnersicht goufen. De Grond dofir ass säi fir en oppene Stärekoup, ongewéinlech héijen Alter, deen op 3,5 bis 5 Milliarde Joer geschat gëtt. Z'erkennen ass dat un der Lag vum sougenannten Ofzweigpunkt am Faarwen-Hellegkeets-Diagramm: de Koup huet keng Haaptreiestäre vum Spektraltyp F oder méi waarm an déi hellst Stäre vum Koup sinn all Iwwerrisen. De Koup huet bal 200 nogewise wäiss Zwergen, iwwer 100 sonnenänlech Stären a vill rout Risen. Och d'Metallizitéit vun de Membere vum Koup deiten op en Alter vun de Stären, dee vergläichbar mat deem vun eiser Sonn ass.

Vill wëssenschaftlech Ënnersich konzentréiere sech op d'Entwécklung vun de Stären, well all d'Membere vum Messier 67 bal zur selwechter Zäit entstane sinn an déi selwecht Distanz zum Observateur op der Äerd hunn. Eng kleng Zuel vu bloen Nokommen (Blue Straggler) sinn déi eenzeg Ausnam an hiren Urspronk ass nach net ganz kloer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jarrod R. Hurley, Onno R. Pols, Sverre J. Aarseth, Christopher A. Tout: A Complete N-body Model of the Old Open Cluster M67, MNRAS 363 (2005) S. 293–314.
  • Xiao-Bin Zhang, Rong-Xian Zhang and Zhi-Ping Li: S1280 and S1284: Two Oscillating Blue Stragglers in the Open Cluster M67, Chin. J. Astron. Astrophys. Vol. 5 (2005), No. 6, S. 579–586

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 SIMBAD
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Messier 67 bei SEDS