Messier 64

Vu Wikipedia
Messier 64
Blackeye-Galaxis
Foto vun der Spiralgalaxis Messier 64 opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Coma Berenices (Com)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 12h 56m 43,9s
Deklinatioun +21° 41' 00,1"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz (R)SA(rs)ab;HIISy2
Visuell Magnitude 8,5 magm
Wénkelduerchmiesser 10,0' × 5,4'
Flächenhellegkeet
mag/arcmin2 
12,7 mag
Physikalesch Donnéeën
Distanz   24 Mio. Lj.(Lj)
Routverrécklung  (1361 ± 13)  10−6
Radialvitess  (+408 ± 4)
Absolutten Duerchmiesser  170.000 Lj
Geschicht
Entdecker  Edward Pigott
Johann Elert Bode
Entdeckungsdatum  23. Mäerz 1779
4. Abrëll 1779
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  64
NGC  4826
PGC  44182
UGC  8062
MCG  +4-31-1
GC  3321
h  1486
IRAS  12542+2157

De Messier 64 (och NGC 4826 oder Blackeye-Galaxis genannt) ass eng Spiralgalaxis mat de Moossen 10,0' × 5,4' an der visueller Hellegkeet vun 8,5 mag am Stärebild Coma Berenices. Si huet eng grouss oval Donkelwollek nërdlech vum Kär mat enger Ausdeenung vu ronn 8000 Liichtjoer an eng Gréisst vun 9,2 × 4,6 Bouminutten, déi warscheinlech duerch Verschmëlzung mat enger klenger, stëbsräicher Galaxis entstanen ass. Si läit op enger Distanz vu 24 Mio. Liichtjoer vun eis ewech a gouf fréier als Member vun der Canes-Venatici-I-Grupp gefouert. An neie Quelle gëtt si awer enger eegener klenger Grupp zougerechent. Se gouf vum britteschen Astronom Edward Pigott den 23. Mäerz 1779 entdeckt an onofhängeg dovu vum Johann Elert Bode am Abrëll vum selwechte Joer, a vum Charles Messier am Joer 1780.

De Wilhelm Herschel hat als éischte gemierkt, datt d'Galaxis en donkele Fleck nërdlech vum Kär huet, deen der Galaxis spéider den Numm "Black Eye" abruecht hat.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 64 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sterne und Weltraum, Mai 2008, S.86, Die Galaxië M64 im Sternbild Haar der Berenike