Messier 4

Vu Wikipedia
Kugelstärekoup Messier 4
De Messier 4, opgeholl mam 2.2m-MPG/ESO Teleskop.
Stärebild Scorpius (Sco)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 16h 23m 35,41s
Deklinatioun − 26° 31' 31,9"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz F8
Konzentratiounsklass IX[1]
Visuell Magnitude 5,8 (flux 7,12) mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
8,13 ? mag
Wénkelduerchmiesser 36,0'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 7.200
Routverrécklung (2,35 ± 0,01)  10−4
Radialvitess 70,4 ± 0,4
Absolutten Duerchmiesser 75
Alter 12–13 Mrd.
Geschicht
Entdecker De Chéseaux
Entdeckungsdatum 1746
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
1620-264
M 4
NGC 6121
GCl 41

De Kugelstärekoup Messier 4 (kuerz: M 4) steet am Stärebild Scorpius. Am NGC-Katalog huet hien d'Nummer 6121. Den M 4 ass mat 7000 Lj Distanz de notste Kugelstärekoup, dofir gëtt hien dacks fir speziell Ënnersich erugezunn.

De Koup huet en Duerchmiesser vu 75 Liichtjoer mat ronn 100.000 Stäre an ass zimmlech schwaach konzentréiert (Klass 9). Hien huet also keng sehr markant zentral Hellegkeet. Eng Studie bei méi wéi 600 Wäiss Zwerge huet en Alter vu ronn 12,7 Milliarde Joer erginn.[2]

Visuellt Bild[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel hie kleng ass, huet den M 4 eng bedeitend Wénkelgréisst an ass dofir en androcksvollen Objet fir die astronomesch Observatioune. Wéinst senger südlecher Positioun ass de Koup allerdéngs fir Amateurastronomen a Mëtteleuropa manner attraktiv wéi z. B. den M5 oder den M19.

Opfälleg ass déi, scho vum Wilhelm Herschel am Joer 1783 beschriwwen, zentral Balkestruktur, déi aus enger 2,5′ laanger Stärerei ongeféier 11. Gréisst besteet a sech bal duerch de ganzen dichte Kär vum Koup zitt.[3]

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den M 4 gouf 1746 vum Amateurastronom Philippe Loys de Chéseaux entdeckt an den 8. Mee 1764 vum Charles Messier katalogiséiert.

Kugelstärekoup Messier 4 (Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 4 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NED data for the Messier Objects
  2. Sterne und Weltraum, Juni 2006, S. 56.
  3. Bernd Koch, Stefan Korth: Die Messier-Objekte. Die 110 klassischen Ziele für Himmelsbeobachter. Kosmos-Verlag, Stuttgart 2010.