Messier 60

Vu Wikipedia
Messier 60
Foto opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop: Messier 60; riets uewen: NGC 4647
Stärebild Virgo (Vir)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 12h 43m 40,0s
Deklinatioun + 11° 33' 10"[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz E2[1]
Visuell Magnitude 8,8[2]m
Wénkelduerchmiesser 25 mag/arcmin2, B-Band:

7',4 × 6',0[3]

Flächenhellegkeet
mag/arcmin2 
13,1[2]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu   Virgo-Galaxiëkoup[1]
Distanz   (53,9 ± 2,0) Mio.
PC (16,5 ± 0,6) Mio.[4](Lj)
Routverrécklung  +0,003726 ± 0,000020
Radialvitess  (+1117 ± 6)[4]
Absolutten Duerchmiesser  120.000[1]
Geschicht
Entdecker  Johann Gottfried Köhler
Entdeckungsdatum  11. Abrëll 1779
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  60
NGC  4649
PGC  42831
Arp  116 (zesumme mam NGC 4647)
UGC  7898
MCG  +2-33-2
GC  3182
h  1408
Holm  448A

De Messier 60 (och als NGC 4649 bezeechent) ass eng 8,8 mag hell elliptesch Galaxis mat enger Wénkelausdeenung vu 7',4 × 6',0 am Stärebild Virgo.

De Messier 60 gouf zesumme mat den Nopeschgalaxien M58 an M59 am Kader vun der Observatioun vum Koméit vu 1779 entdeckt. De Johann Gottfried Köhler hat d'Galaxis den 11. Abrëll 1779 entdeckt an onofhäneg dovun hat de Barnaba Oriani s'een Dag méi spéit an de Charles Messier schliisslech véier Deeg méi spéit gesinn.

D'Galaxis ass am Virgo-Galaxiëkoup nieft der masseräichster Galaxis M87 an der hellster Galaxis M49 déi drëtt elliptesch Risegalaxis an Haaptgalaxis vun der Ënnergrupp Virgo-Koup C. Déi Grupp bilt den ëstlechsten Deel vum Galaxiëkoup an den M60 selwer ass den ëstlechsten Objet vum Virgo-Koup am Messier-Katalog.

Den M60 huet en Duerchmiesser vu ronn 120.000 Liichtjoer an eng Mass vun 1 Billioun Sonnemassen. No der Hubble-Sequenz ass d'Galaxis den Typ E2, ass also liicht ofgeplatt. Den M60 huet mat zirka 5.000 Kugelstärekéip e relativ dicht Halo. En interessant Detail scho mat klengen Teleskopen ass säi Begleeder NGC 4647, eng Spiralgalaxis. Et gouf ugeholl, datt béid Galaxië matenee gravitativ wiesselwierken an hat si ënner Arp 116 zesummegefaasst; nei Ënnersich beleeën dat awer nett.[4],[5]

Den 28. Januar 2004 gouf am M60 eng Supernova vum Typ Ia (SN 2004W) mat enger Hellegkeet vun iwwer 18,8 mag duerch de Lick Observatory Supernova Search (LOSS) entdeckt.[6]

Ufanks 2008 war et engem Team vun amerikaneschen an italieenesche Fuerscher gelongen, d'Mass vum Schwaarze Lach am Galienzentrum ze bestëmmen. Mat Hëllef vum Röntgensatellit Chandra hate si d'Temperatur vum waarme Gas am Zentrum vum M60 gemooss, wouraus een indirekt d'Mass vum Schwaarze Lach ofleede kann (wat méi waarm de Gas, ëmsou méi schwéier d'schwaarzt Lach). Et gouf e Schwaarzt Lach mat enger Mass vun 3,4 Milliarde Sonnemasse gemooss, wat méi wéi dem Dausendfache vum Schwaarze Lach am Zentrum vun eiser Mëllechstrooss entsprécht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 60 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 NASA/IPAC Extragalactic Database
  2. 2,0 2,1 SEDS
  3. de Vaucouleurs et al.: "Third Reference Catalogue of Bright Galaxies", Springer-Verlag, New-York (1991)
  4. 4,0 4,1 4,2 de Grijs, R.; Robertson, A. R. I.: Arp 116: interacting system or chance alignment?, 2006
  5. Franco-Balderas, A.; Hernández-Toledo, H. M.; Dultzin-Hacyan, D.; Rosado, M.: BVRI Surface Photometry of Mixed Morphology Pairs of Galaxies. III. The Third Data Set, 2005
  6. SEDS: Supernova 2004W in M60