Messier 84

Vu Wikipedia
Messier 84
Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Virgo (Vir)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 12h 25m 03.7s
Deklinatioun + 12° 53' 13"[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz E1 Sy2[1]
Visuell Magnitude 9,2[2]m
Wénkelduerchmiesser 6',0 × 5',4[1]
Flächenhellegkeet
mag/arcmin2 
13,2[2]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu   Virgo-Galaxiëkoup[3]
Distanz   6.300(Lj)
Routverrécklung  0,003369 ± 0,000200
Radialvitess  (1010 ± 60)[1]
Absolutten Duerchmiesser  90.000[3]
Geschicht
Entdecker  Charles Messier
Entdeckungsdatum  18. Mäerz 1781
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  84
NGC  4374
PGC  40455
UGC  7494
MCG  +2-32-34
ZWG  70.58
GC  2930
h  1237

De Messier 84 (och bezeechent als NGC 4374) ass eng 9,2 mag hell Galaxis mat enger Flächegréisst vu 6',0 × 5',4 am Stärebild Virgo.

Den M84 läit am Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup an der Noperschaft vun der Risegalaxis Messier 87 an ass ongeféier 60 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Fréier gouf hiren Typ an der Hubble-Sequenz mat E1 (elliptesch ofgeplatt) uginn. Modern Auteure ginn awer dovun aus, datt et sech ëm eng lënsefërmeg Galaxis vum Typ S0 handelt, op déi mer praktesch frontal kucken.

Den M84 markéiert den Ufank vun der sougenannter Markarjan-Ketten, enger Grupp vu Galaxien an engem Gebitt vu ronn 1,5 Grad Duerchmiesser.

De Messier 84 gouf den 18. Mäerz 1781 vum franséischen Astronom Charles Messier entdeckt.

Supernovae[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 84 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 SIMBAD
  2. 2,0 2,1 SEDS
  3. 3,0 3,1 The Virgo Cluster