Messier 102

Vu Wikipedia
Messier 102
D'lënsefërmeg Galaxis M102 opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Draco (Dra)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 15h 6m 29,48s
Deklinatioun + 55° 45' 47,2"[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz S0_3 HII/LINER[2]
Visuell Magnitude +9,9[3] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
+10,8[3] mag
Wénkelduerchmiesser 6,46 × 3,16[1]
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 13,0[3]
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 44  106
Routverrécklung (2242 ± 30)  10−6
Radialvitess +757 ± 125[1]
Absolutten Duerchmiesser 60.000
Geschicht
Entdecker Pierre Méchain
Entdeckungsdatum 1781
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG 274.16
GC 4058
h 1909
H 1.215
IRAS 15051+5557
M 102
MCG +9-25-17
NGC 5866
PGC 53933
UGC 9723

De Messier 102 (oder NGC 5866) ass eng lënsefërmeg Galaxis mat enger Gréisst vu 4,7' x 1,9' an enger visueller Hellegkeet vun +9,90 mag am Stärebild Draco. Well si als de Prototyp vun enger lënsefërmeger Galaxis ugesi gëtt, d. h. enger Galaxis vum Hubble-Typ S0, ass si och ënner dem Numm Spëndelgalaxis bekannt. Dëse Numm ass allerdéngs méideiteg, well beispillsweis och op déi geneesou lënsefërmeg Galaxis NGC 3115 ënner deem selwechten Numm Bezuch geholl gëtt.

Haut gëtt den M 102 allgemeng dem NGC-Objet NGC 5866 zougedeelt. Allerdéngs besteet eng Kontrovers, ob de Messier tatsächlech dës Galaxis gemengt hat, oder ob et sech bei M 102 ëm eng Duebelobservatioun vu M 101 gehandelt hat. Anerer mengen, datt de Messier eventuell den NGC 5879 oder den NGC 5928 gemengt hat, allerdéngs si béid méi liichtschwaach wéi den NGC 5866.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 102 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 SIMBAD
  2. NASA/IPAC Extragalactic Database
  3. 3,0 3,1 3,2 SEDS