Messier 79

Vu Wikipedia
Kugelstärekoup Messier 79
Atlas Image courtesy of 2MASS/UMass/IPAC-Caltech/NASA/NSF

De Messier 79 (oder NGC 1904 bezeechent) ass e +8,40 mag helle Kugelstärekoup mat enger Flächenausdehnung vu 7,8' × 7,8' am Stärebild Lepus.

Dëse Kugelstärekoup läit net wéi déi meescht, a Richtung Zentrum vun der Mëllechstrooss, mä a bal entgéintgesater Richtung! Et gëtt ugeholl, datt dëst Objet e neien Awanderer vun eisem Mëllechstroossensystem kéint sinn. De Messier 79, sou gëtt ugeholl, kéint e Kugelstärekoup vun där am Joer 2003 entdeckter Canis-Major-Zwerggalaxis sinn; déi noost Nopeschgalaxis vun der Mëllechstrooss. Dësen Trabant vun der Mëllechstrooss huet sech duerch déi staark Gezäitekräfte scho gréisstendeels opgeléist a gouf dofir fréier als Deel vun der Mëllechstrooss ugesinn.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 79 – Biller, Videoen oder Audiodateien