Messier 100

Vu Wikipedia
D'Spiralgalaxis Messier 100

De Messier 100 (och als NGC 4321 bezeechent) ass eng +9,40 mag hell Spiralgalaxis mat enger Flächenausdeenung vu 7,5' × 6,1' am Stärebild Coma Berenices (Hoer vun der Berenike).

De M 100 ass e Member vum baussenzegen nërdlechen Deel vum Virgo-Galaxiëkoup. Wéi bal all Spiralgalaxien ass M 100 also wäit vum dicht beliefte Galaxiëkoupzentrum ewech. Ënner de Spiralgalaxië vun dësem Koup ass d'M 100 déi hellst. Si ass vum Hubble-Typ Sc, an hir galaktesch Fläch ass ëm méi wéi 60 Grad géint d'Siichtlinn geneigt, soudatt mer eng gutt Siicht op d'galaktesch Scheif hunn. Doduerch gëtt M 100 zu engem idealen Objet fir all Froen, déi d'Spiralgalaxië vum Virgo-Koup betreffen. Besonnesch am H0 Key Project fir d'Miessung vun der Hubble-Konstante H0 mat dem Hubble-Weltraumteleskop gouf M 100 dofir als éischt Spiralgalaxis vun dësem Koup an Eenzelstären opgeléist. Bei dëser Kontroll konnten Cepheiden identifizéiert ginn, duerch deenen hir Perioden-Liichtkraaft-Bezéiung d'Distanz vu M 100 op 55 Milliounen Liichtjoer bestëmmt konnte ginn. Dës Distanz ass méiglecherweis eppes manner grouss, wéi d'Distanz vum Koupzentrum (kuckt och [1]).

Bannescht vum Messier 100 ass d'Supernova SN 1979C, déi wéinst hirer haut nach unhalender Röntgenstralung aussergewéinlech ass.

Den M 100 ass zudeem d'Haaptgalaxis vun enger klenger Ënnergrupp bannen am Virgo-Koup, zu där vill Zwerggalaxië gehéieren.

Stärebild Coma Berenices
Rektaszensioun 12h 22m 54,00s
Deklinatioun +15° 49' 00,0"
Distanz 5,5 × Liichtjoer
Visuell Hellegkeet +9,40 mag
Flächenausdeenung 7,5' × 6,1'

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 100 – Biller, Videoen oder Audiodateien