Messier 81

Vu Wikipedia
Messier 81
Stärebild Ursa Major (UMa)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 09h 55m 33,2s
Deklinatioun + 69° 03' 55"[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SA(s)ab;
LINER Sy1.8[1]
Visuell Magnitude 7,0[2] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
7,8[2] mag
Wénkelduerchmiesser 26,9 × 14,1[1]
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 13,0[2]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu M81-Grupp,
Virgo-Superkoup
Distanz (Lj) 11,8 Mio
Routverrécklung −0,000113 ± 0,000013
Radialvitess (−34 ± 4)[1]
Absolutten Duerchmiesser 95 000
Geschicht
Entdecker Johann Elert Bode
Entdeckungsdatum 31. Dezember 1774
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG 333-7
GC 1953 an 1949
h 649
IRAS 09514+6918
M 81
MCG +12-10-10
NGC 3031
PGC 28630
UGC 5318

De Messier 81 (och als NGC 3031 bekannt) ass eng +6,9 mag hell Spiralgalaxis vum Hubble-Typ Sb am Stärebild Ursa Major (Grousse Bier). Den M81 ass d'Galaxis um nërdlechen Himmel, déi eis no dem Andromedaniwwel an dem Dräiecksniwwel am gréissten an hellsten erschéngt. D'Zuel vun de Stären an deem System gëtt op 250 Milliarde geschat, wat am Verglach zu eiser Mëllechstrooss een e bësselche méi klenge Wäert ass. Den M81 gëtt heiansdo zu Éiere vun hirem Entdecker och Bode-Galaxis genannt, well si am Joer 1774 vum Johann Elert Bode entdeckt gouf.

Déi visuell Fläch vun M81 mécht mat 20' op 12' (de Mound huet e Wénkelduerchmiesser vu ronn 30') ongeféier dräi Prozent vun der Fläch vum Andromedaniwwel aus. Mat 12 Millioune Liichtjoer ass den M81 gutt véiermol sou wäit wéi déi Galaxis ewech a schéngt dofir méi kleng ze sinn. D'Distanz gouf am Kader vum H0 Key Project am Joer 1993 ganz genee bestëmmt an ass däitlech méi grouss wéi d'Wäerter vu ronn 7 Millioune Liichtjoer, déi een an der aler Literatur fënnt.

Vun der Äerd aus gesi mir schréi op d'Galaxis, déi relativ labber Spiraläerm huet, awer vill Stären an der Géigend vum Zentrum huet. An der Hubble-Sequenz ass den M81 vum Typ Sb.

Den M81 huet eng visuell Magnitude vu +6,90 mag. A senger Géigend ass déi e bëssche méi liichtschwaach Spiralgalaxis M82, déi nëmmen 150.000 Liichtjoer ewech ass. Dës zwou Galaxië bilden de Kär vun der M81-Galaxiëgrupp, déi eng echt physikalesch Grupp bilden, an zu den noosten Nopere vun eiser Lokaler Grupp zielen. Zu där Grupp gehéieren ënner anerem och den NGC 2403, NGC 3077 an den NGC 2976.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 81 – Biller, Videoen oder Audiodateien
UV-Foto mam GALEX, am Wellelängteberäich 135–175 nm
IR-Foto mam SST, bei 3,6 µm (blo), 8 µm (gréng) an 24 µm (rout)
Am wäiten Infrarout, opgeholl mam Herschel-Weltraumteleskop.
Amateurfoto vum M81 an M82.
M81 an M82: de Kär vun der M81-Grupp.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 NASA/IPAC Extragalactic Database
  2. 2,0 2,1 2,2 Students for the Exploration and Development of Space