Flächenhellegkeet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Flächenhellegkeet oder Uewerflächenhellegkeet gëtt an der Astronomie benotzt, fir astronomesch Objete mat grousser Fläche wéi Galaxien oder Niwwelen ze beschreiwen.

Allgemeng Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Gëtt zum Beispill déi visuell Magnitude vun enger Galaxis mat 10m uginn, bedeit dat, datt ee vun där Galaxis déiselwecht Mass vu Liicht unhëllt, wéi vun engem Stär mat der visueller Magnitude 10m. Allerdéngs ass e Stär ganz kleng a soumat fir déi meescht Observatiounen als punktfërmeg Liichtquell unzegesinn, während eng Galaxis eng Ausdehnung vu ville Bousekonnen oder Bouminutte kann hunn. Folglech ass eng Galaxis méi schwéier ze gesinn, wéi e Stär mat derselwechter visueller Magnitude. D'Flächenhellegkeet vun engem Objet gëtt un, wéi gutt en ausgedehnten Objet am Verhältnes zu engem Stär mat derselwecheter visueller Magnitude ze gesinn ass.

Berechnung vun der Flächenhellegkeet[änneren | Quelltext änneren]

D'Flächenhellegkeet gëtt normalerweis mat Magnitude pro Quadratbousekonn uginn. Well déi visuell Magnitude eng logarithmescht Mooss ass, kann d'Flächenhellegkeet net einfach als Divisioun vu visueller Magnitude duerch d'Fläch berechent ginn. Dofir gëtt fir en Objet d'Flächenhellegkeet S sou berechent:

S = m + 2{,}5 \cdot \log A

Dobäi ass m déi visuell Magnitude vum Objet an A d'Flächenausdehnung vum Objet a Quadratbousekonnen.