Lokal Grupp

Vu Wikipedia

D'Lokal Grupp bezeechent een an der Astronomie eng Grupp vu Galaxien an der onmëttelbarer Noperschaft vun eiser Mëllechstrooss.

Astronomesche Kontext[änneren | Quelltext änneren]

Verdeelung vun de Galaxien an der Lokaler Grupp. Däitlech sinn déi zwéin Haaptzentren ëm den Andromedaniwwel an d'Mëllechstrooss ze erkennen.

Zu der Lokaler Grupp ginn Objeten am Ëmkrees vu fënnef bis siwe Millioune Liichtjoer gezielt. Et fir dovun auszegoen, datt d'Membere vun där Grupp gravitativ uneneegebonne sinn, soudatt d'Zougehéieregkeet zu der lokaler Grupp enger echter physikalescher Bindung entspréngt an net nëmmen eng zoufälleg geometresch Struktur duerstellt. Mat ronn 95% ass de gréissten Deel vun der siichtbarer Mass an der Mëllechstrooss an dem Andromedaniwwel, déi aner Membere si wesentlech méi kleng oder souguer Zwerggalaxien. D'Membere vun der Lokaler Grupp forméieren een ellipsoide Koup.

D'Membere vun der Grupp sinn net gläichméisseg am Koup verdeelt. Si sammele sech jee no gravitativer Bindung zu verschidden Ënnergruppen. Dozou zielen d'Mëllechstroossen-Ënnergrupp, mat der Mëllechstrooss an hire Satellittegalaxien, an d'Andromeda-Ënnergrupp, mat der Andromeda-Galaxis an hire Satellitten. Den M33 gehéiert warscheinlech zu der Andromeda-Ënnergrupp oder mécht mat hirer Satellittegalaxis LGS 3 eng eegen Ënnergrupp. Eng drëtt méiglech Ënnergrupp besteet ëm d'Galaxis NGC 3109, awer et ass net sécher, ob si nach zu der Lokaler Grupp gehéiert. De Rescht vun de Galaxien, déi zu kenger vun dësen dräi Gruppe gerechent kënne ginn, maachen d'Lokal-Grupp-Wollek (Local Group Cloud) aus, a beweege sech am kollektive Gravitatiounsfeld, dat zesumme vun de grousse Galaxië gemaach gëtt.

No Computersimulatioune missten an de lokale Gruppen ongeféier 300 bis 500 Zwerggalaxië sinn. Bekannt sinn awer nëmmen ëm déi 40 Zwergsystemer. D'Astronome ginn dovun aus, datt déi bis elo onentdeckt Galaxië gréisstendeels aus donkeler Matière bestinn, a bal keng Stären hunn an domat sougenannt donkel Galaxië sinn.

D'lokal Grupp ass Bestanddeel vum Virgo-Superkoup, deen no dem Virgokoup a sengem Zentrum genannt ass. Op dëse beweegt sech d'lokal Grupp zou. Bannen am Superkoup grenzt si un d'Maffei-, d'Sculptor-, d'M81- an un d'NGC 5128-Grupp.

Bekannt Membere vun der Lokaler Grupp[änneren | Quelltext änneren]

Déi irregulär Zwerggalaxis Sextans A ass ee vun de wäitste Membere vun der Lokaler Grupp
Den Dräiecksniwwel (oder Messier 33) ass déi drëttgréisst Galaxis an der Lokaler Grupp

Zu der Lokaler Grupp gehéieren ënner anerem:

Mëllechstroossen-Ënnergrupp:

Andromeda-Ënnergrupp:

NGC-3109-Ënnergrupp:

Lokal-Gruppe-Wollek:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lokal Grupp – Biller, Videoen oder Audiodateien