Leo A

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Zwerggalaxis Leo A
Leo A Hubble WikiSky.jpg
D'Zwerggalaxis Leo A, Foto, opgeholl vum HST.
Stärebild Leo (Leo)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 09h 59m 26,4s
Deklinatioun 30° 44' 47"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz (d)IBm V-VI
Visuell Magnitude 12,59 mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
12,80 mag
Wénkelduerchmiesser 5′,1 × 3′,1
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Lokal Grupp
Distanz (Lj) (2.250.000 ± 200.000)
Radialvitess 24 ± 4
Absoluten Duerchmiesser 2.900 Lj × 4.600
Mass (8,0 ± 2,7) × 107 M
Geschicht
Entdecker Fritz Zwicky
Entdeckungsdatum 1942
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG 153-010
MCG +05-24-008
PGC 28868
UGC 5364

Leo A (oder och Leo III genannt) ass eng irregulär Galaxis am Stärebild Leo.

D'Galaxis ass Member vun der Lokaler Grupp a gouf am Joer 1942 vum Fritz Zwicky entdeckt.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Gréissten[änneren | Quelltext änneren]

De Leo A beweegt sech op enger Distanz vu ronn 690 kpc zu eisem Sonnesystem an distanzéiert sech vun eiser Sonn mat enger Vitess vun ongeféier 24 km/s. Si ass relativ isoléiert vun anere Galaxien aus der Lokaler Grupp. D'Mass léisst sech zu ongeféier (8,0 ± 2,7) × 107 M ofschätzen, mat engem Deel vun op d'mannst 80 % donkler Matière.

Alter[änneren | Quelltext änneren]

De Leo A ass eng vun den isoléierteste Galaxien an der lokaler Grupp a weist zanter engem Zäitraum vun en etleche Milliarde Joer keng Zeeche vun enger Wiesselwierkung oder Verschmëlzung mat anere Galaxien. D'Presenz vun RR Lyrae-Stäre weist datt d'Zwerggalaxis Leo A eng ganz al Stärepopulatioun mat engem Alter bis zu 10 Milliarde Joer huet.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Den neutrale Waasserstoff vun der Galaxis huet eng raimlech Ausdeenung entspriechend der optescher Gréisst vun der Zwerggalaxis a Verdichtungen zu engem ongläichméissegem Rank.

D'Galaxis rotéiert net an de Waasserstoffgas beweegt sech an zoufällegen Unheefungen no alle Säiten. Den Deel vu méi schwéieren Elementer ass nëmmen ee bis zwee Prozent am Verglach mat eiser Sonn, wat op eng däitlech niddreg stellar Entwécklung am Verglach zu eiser Mëllechstrooss hiweist. De Leo A huet Unzeeche vun enger méi héijer Stäregebuertsplaz virun e puer Milliarde Joer, déi momentan Genesisquot vu Stären ass awer kleng. Et existéieren do véier H-II-Gebidder ugereegt vu kuerzliewege Stäre vun der Spektralklass O

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]