Fritz Zwicky

Vu Wikipedia
Fritz Zwicky
Gebuer 14. Februar 1898
Warna
Gestuerwen 8. Februar 1974
Pasadena
Nationalitéit Schwäiz, USA
Educatioun ETH Zürich
Aktivitéit Astronom, Physiker, Universitéitsprofesser, Astrophysiker
Member vun American Physical Society

De Fritz Zwicky, gebuer de 14. Februar 1898 zu Warna a Bulgarien a gestuerwen den 8. Februar 1974 zu Pasadena a Kalifornien war e Schwäizer Physiker an Astronom, deen haaptsächlech um California Institute of Technology geschafft huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Zwicky war de Jong vun engem Schwäizer Geschäftsmann deen a Bulgarien mat Kotteng gehandelt huet. Mat sechs Joer gouf de Fritz wéinst op Glarus bei seng Grousseltere geschéckt, fir do an d'Schoul ze goen. Spéider hat hien d'Matura zu Zürich mat beschte Noute bestanen. Tëscht 1917 an 1925 huet hien op der ETH Zürich Mathematik an Experimentell Physik studéiert an hat do mam Theema D'Räissfestegkeet vu Steesalz-Monokristalle bei ënnerschiddlechen Temperaturen promovéiert.[1]

Mat engem Rockefeller-Stipendium ass hien dunn 1925 op Pasadena gaangen, fir mat sengem Studium um Caltech weiderzefueren. Spéider huet hien do als Assistenzprofesser Virliesungen an Atomphysik gehalen.[1]

Hien huet weider vill kosmologesch Theorien entworf, déi zum häitege Versteesdemech vum Universum bäigedroen hunn. 1942 gouf hien zum Professer fir Astronomie beruff. Donieft huet hien tëscht 1943 an 1961 och als Beroder vun der Aerojet Engineering Corporation geschafft an huet verschidden Dreifstoffer a Materialer gepréift, fir d'Rakéitentechnik fir d'Raumfaart virunzedreiwen. Vun 1948 u war hien och Member vum Mount Wilson-Observatoire a vum Observatoire um Mount Palomar.

De 16. Oktober 1957, 12 Deeg nom Start vum éischte russesche Satellit Sputnik, dee spéider nees op D'Äerd zeréckgefall war, hat den Zwicky vun Alamogordo aus den éischte Géigestand an de Weltraum geschoss, deen net méi op d'Äerd zeréckgefall war: Eng Metallkigelche vu ronn engem Zentimeter Duerchmiesser war mat enger Aerobee-Rakéit op eng Héicht vun ongeféier 85 Kilometer geschoss ginn, wou se mat enger Sprengluedung op eng Vitess vun iwwer 15 km/s acceleréiert gouf. Den Objet krut den Numm Artifical Planet No. Zero.[2]

1932 hat den Zwicky d'Dorothy Vernon Gates bestuet, déi aus enger bekannter kalifornescher Famill gestaamt huet. D'Bestietnes gouf no néng Joer gescheet. 1947 huet hie sech dunn an der Schwäiz mat der Anna Margaritha Zürcher bestuet. Si haten dräi Meedercher.

De Fritz Zwicky ass mat 75 Joer zu Pasadena gestuerwen a gouf a senger Heemechtsgemeng Mollis begruewen.

Hie war och e begeeschterte Biergwanderer a war am Ëngank mat senge Matmënschen zimmlech schwiereg. Hie war fir de Bau vun der US-amerikanescher Atombomm, fir dem Däitsche Räich op de Virzock ze kommen, hat awer den Asaz géint Japan verurteelt.[1]

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

D'Plack um Gebuertshaus zu Warna: An dësem Haus gouf de Fritz Zwicky, Astronom, deen d'Neutronestären an déi Donkel Matière entdeckt hat, gebuer.

Den Zwicky hat als Weebereeder vun neien astronomeschen Iddie wichteg Erkenntnesser iwwer extragalaktesch Stäresystemener geliwwert. Sou hat hien déi kompakt Galaxien entdeckt, an hat 1938 als éischten d'Hypothes opgestallt, Supernova-Explosioune wieren d'Folleg vun engem Gravitatiounskollaps, an hat zesumme mam Walter Baade d'Theorie opgestallt, datt Supernovaen Neutronestäre produzéiere kéinten. Weider hat hien 1933 als éischten de Virialtheorème op Galaxiëkéip ugewannt[3][4] an hat esou op d'Existenz vun Donkeler Matière geschloss. Am selwechte Joer hat hien éischt Iwwerleeungen iwwer d'Optriede vu Galaxien als Gravitationslënsen gemaach. Den Zwicky hat am Ganzen 123 Supernovaen entdeckt, méi wéi jiddwer aneren Astronom. Op hie geet och d'Virausso, datt de Krabbeniwwel en Iwwerrescht vun der Supernova vun 1054 ass. Den Zwicky hat och virgeschloen, Supernova-Explosiounen als Standardkäerze fir Distanzmiessungen ze gebrauchen. Zanter Ufank vum 21. Joerhonnert gëtt verstäerkt un dëser Iddi geschafft. De Galaxiëkatalog Catalogue of Galaxies and of Clusters of Galaxies (CGCG) gouf och vum Zwicky zesummegestallt.

1972 krut den Zwicky d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society.

Nieft sengen astronomeschen Aktivitéiten huet hie sech och mat der Methodik beschäftegt, aus Iddie konkreet Produkter z'entwéckelen (kuckt Morphologesch Analys).

Nom Zwicky ass den Asteroid Zwicky an e Moundkrater Zwicky genannt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Fritz Zwicky: Morphologische Forschung. Wesen und Wandel materieller und geistiger struktureller Zusammenhänge. Baeschlin, Glarus 1989, ISBN 3-85546-038-8, (Schrëftrei vun der Fritz-Zwicky-Stëftung Band 4).
  • Fritz Zwicky: Jeder ein Genie. Der berühmte Astrophysiker revolutioniert unsere „Denkmethode“. Baeschlin, Glarus 1992, ISBN 3-85546-058-2, (Schrëfterei vun der Fritz Zwicky Stëftung Band 6).
  • Fritz Zwicky: Morphological Astronomy. Springer-Verlag, Berlin, Göttingen, Heidelberg 1957.
  • Fritz Zwicky: Morphologische Forschung. Winterthur AG, Winterthur, 1959, Neioplo Baeschlin, Glarus 1989, ISBN 3-85546-038-8, (Schrëftrei vun der Fritz Zwicky Stëftung Band 4).
  • Fritz Zwicky: Morphology of Propulsive Power. Society for Morphology, Pasadena CA 1962, (Monographs on morphological research 1).
  • Fritz Zwicky: Entdecken, Erfinden, Forschen im morphologische weltbild. Droemer/Knaur, München, Zürich, 1966

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alfred Stöckli, Roland Müller: Fritz Zwicky, Astrophysiker. Genie mit Ecken und Kanten. Eine Biographie. NZZ Libro, Zürich 2008, ISBN 978-3-03823-458-6
  • Roland Müller: Erfolg mit Morphologie. Baeschlin, Glarus 1993, ISBN 3-85546-057-4, (Schrëftrei vun der Fritz Zwicky Stëftung Band 7), (Biographie vum Fritz Zwicky).
  • Alex Capus: Himmelsstürmer. Zwölf Portraits. Knaus-Verlag, München 2008, ISBN 978-3-8135-0314-2.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Himmelsstürmer: Zwölf Portraits S. 184ff, Alex Capus, Knaus-Verlag. ISBN 978-3-8135-0314-2
  2. Fritz Zwicky, Liewen a Wierk vum grousse Schwäizer Astrophysikers, Rakéitefuerscher a Morphologen, S. 427ff, Roland Müller, Verlag Baeschlin Glarus. ISBN 3-85546-024-8
  3. Zwicky, F.: Die Rotverschiebung von extragalaktischen Nebeln, Helvetica Physica Acta, Vol. VI, S. 110 (1933) Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2015-08-01.
  4. Zwicky, F.: On the Masses of Nebulae and of Clusters of Nebulae, Astrophysical Journal, vol. 86, p. 217 (1937).