Sputnik

Vu Wikipedia
Modell vum Sputnik 1

Sputnik war den Numm vun den éischten zéng sowjetesche Satellitten. Den Numm Sputnik ass gläichbedeitend mat „Begleeder“, oder no astronomescher Bedeitung mat "Trabant" a "Satellit". Si haten all eng Äerdëmlafbunn erreecht. Sputnik 1 war de 4. Oktober 1957 deen éischte kënschtlechen Äerdsatellit op enger Ëmlafbunn a gëllt als Startschoss vun der sowjetescher Raumfaart. D'Wuert Sputnik gehéiert zu den 100 Wierder vum 20. Joerhonnert an ass an e puer (besonnesch osteuropäesche) Länner e Synonym fir Satellit. Nom Sputnik 10 gouf den Numm net méi fir d'Benennung vun Äerdsatellitte gebraucht, mä nëmmen nach fir d'Bezeechnung vun am Äerdorbit gestrante Raumsonde gebraucht.

Konstruktioun[änneren | Quelltext änneren]

De Chefconstructeur Sergei Pawlowitsch Koroljow war am Weste bis zu sengem Doud 1966 onbekannt a gouf dofir Mister X. genannt.
 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sergei Pawlowitsch Koroljow.

Hien hat no senger Ausbildung um Polytechnikum vu Kiew op d'Technesch Universitéit vu Moskau gewiesselt, wou hie sech mat dem Rakéitenundriff befaasst hat. Déi Aarbecht war bei der Rouder Arméi op groussen Interessi gestouss an de Generol Tuchatschewski hat vun 1935 d'Team vum Koroljow ënnerstëtzt an d'Grënnung vun engem Institut fir d'Entwécklung vu Rakéitegeschosser verlaangt.[1]

D'Produktioun ass a gespaarte Stied wéi Dnipropetrowsk erfollegt. Aktuell Berichter nennen de Michail Tichonrawow als den Erfinder vum Sputnik 1.

Sputnik 1 – Den Ufank vun der Raumfaart[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Sputnik 1 

Éischt Bunnspurfoto vun der Drorakéit vum Sputnik 1

Bei de Virbereedunge fir dat Internationaalt geophysikalescht Joer hat den US-amerikanesche President Dwight D. Eisenhower den 29. Juli 1955 d'Uerder fir de Bau vun engem Äerdsatellit uginn. D'Sowjetunioun hat véier Deeg duerno eng änlech Aktioun ugekënnegt.

Schonn de 4. Oktober 1957 – fir déi westlech Welt onerwart séier – hat d'Sowjetunioun vun der Weltraumgare Baikonur aus de kugelfërmege Satellit (Duerchmiesser 58 cm) Sputnik 1 mat Hëllef vun enger liicht modifizéierter Interkontinentalrakéit vom Typ R-7 gestart. Den 83,6 kg schwéieren Äerdtrabant hat en Thermometer an engem Funksender, deen 21 Deeg aktiv war an e Kuerzwellesignal (20,005 MHz a 40,003 MHz) ausgestraalt huet. Domat wollt ee beweisen, datt et méiglech ass, kënschtlech Objeten am Weltraum ze lokaliséieren. De Sputnik huet sech op senger Ëmlafbunn a ronn 96 Minutten eemol ëm d'Äerd beweegt. No 92 Deeg war hien an der Äerdatmosphär vergloust.

Sowjeteschen Timber vum éischte kënschtleche Satellit am All

D'Toundokument Piipssignaler vum Sputnik ? / i konnten an der ganzer Welt empfaange ginn.

D'Asiicht, datt d'Sowjetunioun an der Lag war e kënschtlechen Äerdsatellit ze starten, hat am Westen een immens Bedroungsgefill ausgeléist: De Sputnik hat schlagaarteg kloer gemaach, datt d'USA mat Interkontinentalrakéite vun der Sowjetunioun aus erreechbar waren. Dësen och als Sputnikschock bezeechente Phenomeen hat als Folleg d'Grënnung vun der NASA an Ëmstrukturéierungen a verstäerkt Ustrengungen am Bildungsberäich vun de westlechen Industrienatiounen.

Déi weider Sputnik-Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganzen hat d'Sowjetunioun zéng Sputnike gestart, dee leschte war de 25. Mäerz 1961, nëmmen 18 Deeg virum Fluch vum Juri Gagarin. All d'Starte waren zu Baikonur mat ëmgebauten Interkontinentalrakéiten, a vu Sputnik 4 un, mat enger zousätzlecher Rakéitestuf.

Och fir déi weider Sputnike war jee eng Neierung virgesinn:

Sputnik 2[änneren | Quelltext änneren]

Den zweeten an der Ëmlafbunn war de Sputnik 2, deen den 3. November 1957 gestart gouf an dat éischt Liewewiesen, den Hond Laika, an eng Äerdëmlafbunn bruecht hat. Een zeréck op d'Äerd war net virgesinn an technesch och nach guer net méiglech. Dës Tatsaach hat villfach Matleed erregt, besonnesch wéi déi éischt onschaarf Televisiounsbiller gewise goufen, awer och enormen Interesse. Warscheinlech hat d'Laika de Start mat dem Gemësch aus Kaméidi, Vibratiounen a Vitess nëmmen e puer Stonnen iwwerlieft, bis si duerch Stress a grouss Hëtzt (dat séier entwéckelt Temperaturkontrollsystem hat net zouverlässeg geschafft) an der enker Kapsel gestuerwen ass.

Ufanks war geplangt, datt d'Laika zéng Deeg iwwerliewen an Donneeë vun hire Kierperfunktioune liwwere soll. De Sputnik 2 war de 14. Abrëll 1958 no 162 Deeg am Orbit an no 2250 Äerdëmkreesunge vergloust.

De kegelfërmege Sputnik 2 mat senger Startmass vu 508,3 kg an enger Gréisst vun 1,2 m am Duerchmiesser an ongeféier 1,5 m Héicht hat bei de westleche Fachleit ongleewegt Staunen erreegt an däitlech gewisen, wéi eng héich Notzlaascht d'Drorakéit transportéiere konnt. Et gouf ugeholl, datt et sech ëm eng nei Rakéit handele géif. Spéider gouf bekannt, datt et déi selwecht Drorakéit war, wéi beim Start vum Sputnik-1. D'Bunnhéicht vum zweeten Äerdsatellit war tëscht 225 a 1671 Kilometer bei enger Bunnschréi vu 65,3 Grad zum Equator.

Sputnik 3[änneren | Quelltext änneren]

De Sputnik 3 am Museum

De Sputnik 3 (an der Entwécklung Objet-D genannt) sollt eigentlech als éischte sowjetesche Satellit an de Weltraum starten. Well hien awer net mat Zäite fäerdeg gouf an ze schwéier war, krut Sputnik 1 seng Plaz. Den 3. Februar 1958 sollt de Sputnik 3 gestart ginn. De Start war awer feelgeschloen a gouf de 15. Mee 1958 mat engem Ersatzsatellit widderholl. De Sputnik 3 hat 12 wëssenschaftlech Moossinstrumenter (Sensore fir Drock, Temperatur an Zesummesetzung vun der Atmosphär, Stralungsmoossinstrumenter, Sensore fir elektresch a magnéitesch Felder) an de Weltraum matgeholl, déi déi iewescht Atmosphär an d'Stralungsceinture vun der Äerd ënnersiche sollten - wat awer och net funktionéiert hat, well de Bandrekorder fir d'Moossdate versot hat an nëmme wéineg Date vun de Sensoren direkt beim Iwwerfluch vun enger Buedemstatioun empfaange konnte ginn[2]. D'Van-Allen-Ceinture gouf am Januar 1958 vum éischten amerikaneschen Explorer entdeckt a gouf no dem Instrumentenentwéckler genannt. De Satellit selwer war e kegelfërmege Kierper vun 3,57 m Längt, 1,73 m Duerchmiesser an enger Mass vun 1327 kg. Sputnik 3 war de 6. Abrëll 1960 vergloust. D'Bunnhéicht vum Satellit war tëscht 226 an 1881 Kilometer. Seng Ëmkreesung hat 106 Minutte gedauert a seng Bunn hat eng Schréi vu 65,2°.

Sputnik 4[änneren | Quelltext änneren]

De Sputnik 4 (och Korabl-Sputnik 1 oder Weltraumschëff 1 genannt) gouf de 15. Mee 1960 gestart. Dëst war den éischte Prototyp fir dat vun 1961 un, agesate Wostok-Raumschëff fir bemannt Flich. D'Bunnhéicht vum Satellit war tëscht 312 an 369 Kilometer, spéider tëscht 307 an 690 Kilometer. D'Ëmlafzäit ëm d'Äerd war 91,2 Minutten. 1962 waren Deeler vum Sputnik 4 op eng Stroossekräizung am US-Staat Wisconsin fonnt ginn[3] gefall.

Sputnik 5[änneren | Quelltext änneren]

De Sputnik 5 (och Korabl-Sputnik 2, resp. Weltraumschëff 2) war den 19. August 1960 gestart an hat ënner anerem zwéin Hënn u Bord: Strelka (russesch fir „klenge Feil“) a Belka (russesch fir "Kaweechelchen"). Weider Passagéier ware 40 Mais, 2 Raten a Planzen. No 18 Äerdëmkreesungen an enger Bunnhéicht vun 306 bis 330 Kilometer a bei enger Äerdëmkreesung an 90,7 Minutten, gouf et den 20. August 1960 eng Landung op der Äerd. Béid Hënn ware sécher gelant. Dëst war den zweete Fluch vum Prototyp Wostok an en entscheedende Schrëtt fir d'Technik vun der mëller Landung.

Strelka hat spéider sechs Welpe kritt, vun deenen eng, d'Pushinka, der Duechter vum US-President John F. Kennedy, der Caroline Kennedy geschenkt gouf. D'Geschenk gouf vum sowjetesche Regierungschef Nikita Chruschtschow iwwerreecht.[4]

Haut sinn déi opgestoppt Kierper vu Strelka a Belka, a Glaskëschten, am Kosmonautemuseum zu Moskau ausgestallt.

Sputnik 6[änneren | Quelltext änneren]

De Sputnik 6 (oder Korabl-Sputnik 3 resp. Weltraumschëff 3) war den drëtte Prototyp vum Wostok-Raumschëff an transportéiert den 1. Dezember 1960 d'Hënn Pchelka (russesch fir "kleng Bei") a Mushka (russesch fir "kleng Méck") an de Raum. D'Landekapsel gouf den 2. Dezember 1960 beim Retour op d'Äerd duerch en ze géien Antrëttwénkel zerstéiert. De Sputnik 6 war an enger Bunnhéicht vun 187,3 an 265 Kilometer an hat eng Ëmlafzäit vun 88,6 Minutten.

Sputnik 7[änneren | Quelltext änneren]

De Sputnik 7 (Venera-1 oder Weltraumschëff 4) war de 4. Februar 1961 mat enger Molnija-Rakéit gestart. D'Venus-Raumsond, déi duerch e Problem mat der Uewerstuf vun der Rakéit d'Äerdëmlafbunn net verlooss hat, hat d'Äerd an enger Bunnhéicht tëscht 223,5 an 327,6 Kilometer bei enger Bunnschréi zum Equator vu 64 bis 57 Grad ëmkreest. Eng Ëmkreesung hat 98,8 Minutte gedauert.

Sputnik 8[änneren | Quelltext änneren]

De Sputnik 8 war d'Uewerstuf vun der Molnija-Rakéit, déi den 12. Februar 1961 d'Raumsond Venera-1 zum Venus transportéiere sollt.

Sputnik 9[änneren | Quelltext änneren]

De Sputnik 9 (oder Korabl-Sputnik 4 resp. Weltraumschëff 5) war de véierte Fluch vum Prototyp Wostok-Raumschëff. Si ass den 9. Mäerz 1961 mat dem Hond Chernushka (russesch fir "Blackie"), engem Kosmonaute-Dummy, engem Mierschwéngchen a Mais u Bord gestart. D'Landekapsel gouf no enger Äerdëmkreesung erfollegräich gebuergen.

Sputnik 10[änneren | Quelltext änneren]

De Sputnik 10 (oder Korabl-Sputnik 5), de leschte vun den zéng Sputniken, start d'UdSSR de 25. Mäerz 1961 als Test fir de Fluch vum Juri Gagarin am Abrëll 1961. Dat war de fënnefte Fluch vum Prototyp Wostok-Raumschëff. U Bord war den Hond Swesdotschka (russesch fir "klenge Stär") an de Kosmonaute-Dummy "Iwan Iwanowitsch". No enger Äerdëmkreesung war d'Kapsel wéi geplangt an der Stepp gelant a gouf mam Hond, heel gebuergen.

An alle Fäll koumen Drosystemer an den Asaz déi op der R-7 Interkontinentalrakéit baséiert hunn, an déi vum Sputnik 4 un eng zousätzlech Rakéitestuf haten (Wostok-Rakéit). Fir d'Sputnike 7 an 8 gouf déi 4-stufeg Molnija-Rakéit benotzt. All Starte waren zu Baikonur an der Kasachescher SSR, dat wéi änlech, reegelméisseg benotzt Rakéitenterraine vun den USA spéider och vun der ELDO als "Weltraumgare" bezeechent gouf.

Sputnik 19/20/21[änneren | Quelltext änneren]

D'Sputniken 19, 20 an 21 waren d'Nimm vun de sowjetesche Venussonden. Sputnik 19 sollt de 25. August 1962 gestart ginn, war awer duerch e Feeler vun der Kickstuf an eng niddreg Äerdëmlafbunn geroden a war dräi Deeg méi spéit an der Atmosphär vergloust. Dat selwecht Ongléck hat Sputnik 20, deen den 1. September 1962 gestart gouf a fënnef Deeg méi spéit vergloust war. De Sputnik 21 gouf den 12. September 1962 gestart. En hat zwar d'Äerdëmlafbunn erreecht, awer och do hat déi véiert Stuf versot. Duerch d'Explosioun gouf de Satellit zerstéiert.[5]

Sputnik 22[änneren | Quelltext änneren]

De Sputnik 22 war eng sowjetesch Marssond. Déi sollt eigentlech de 24. Oktober 1962 op de Wee zum Mars bruecht ginn, awer d'Sond vum Typ 2MV-4 hat et nëmmen an eng niddreg Äerdëmlafbunn bruecht, well d'Drorakéit duerch d'Explosioun vun der Turbopompel vun der véierter Stuf 16 Sekonnen no der Zündung versot hat.[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (en) Walther A. McDougall: The heavens and the earth. A political history of the space age. Johns Hopkins University Press, 1985
  • Igor J. Polianski, Matthias Schwartz (Hrsg.): Die Spur des Sputnik. Kulturhistorische Expeditionen ins kosmische Zeitalter. Campus, 2009.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sputnik – Biller, Videoen oder Audiodateien

Zum 50. Jahrestag am 4. Oktober 2007

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sergei Koroljow – der Chefkonstrukteur der sowjetischen Raketen
  2. Sputnik 3 Gearchiveerd op 2008-04-03. Gekuckt de(n) 2012-11-04.
  3. Weltraumschrott bedroht Space Shuttle Gearchiveerd op 2009-03-25. Gekuckt de(n) 2012-11-04.
  4. (en) Space Online Today - Monkeys and another animals in spache
  5. Sputnik Geschichte bei der NASA (englisch)
  6. Sterne und Weltraum, Mai 2008, S.50-65, Russlands Weg zu den Planeten