Die Zeit

Vu Wikipedia
Die Zeit
Typ Wochenzeitung
Periodizitéit 1 Woch
Sprooch Däitsch
Éischt Ausgab 21. Februar 1946
Grënner Gerd Bucerius
Land Däitschland
Verwaltungssëtz Hamburg
Politesch Ideologie Liberalismus
Websäit https://www.zeit.de/


Die Zeit ass eng iwwerregional däitsch Wochenzeitung, déi den 21. Februar 1946 fir d'éischt publizéiert ginn ass, an all Donneschdeg erauskënnt. Hire Sëtz huet si zu Hamburg. D'Zeit hat 2017 eng verkaaft Oplag vu ronn 504.779 Exemplaren an huet domat tëscht 2,34 Millioune Lieser erreecht.[1] Si gëllt als zentristesch a liberal bis lénksliberal.

[änneren | Quelltext änneren]

Vun der éischter bis zur zwielefter Ausgab (1946) war am Logo vun der Zeit de Staatswope vun Hamburg ze gesinn, dee vun zwéi Léiwen tëscht de Wierder "Die" an "Zäit" gehale gouf. Den Hamburger Senat huet dee Wopen awer als "Hoheitszeichen" ugesinn, an d'Zeitung huet hire Logo missen änneren. Mat Erlabnes vum Buergermeeschter vu Bremen ass doropshinn de Bremer Schlëssel an de Logo geholl ginn, mat der Kroun vum Bremer Stadwopen. De Logo gëtt haut als Logo vun der ganzer Verlagsgrupp benotzt.

Websäit[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Presentatioun vun Die Zeit (2016) Archivéiert op 2017-09-16. Gekuckt de(n) 2018-03-02.