Weltraumgare
Als Weltraumgare am Westen oder Kosmodrom a Russland oder China, bezeechent een eng Rakéitestartplaz, op där Drorakéite fir orbital an interplanetar Weltraummissioune starte kënnen. Dobäi kann et sech ëm onbemannt Satellitten- oder Raumsondestarten oder bemannt Raumflich handelen. Déi meescht Weltraumgaren hunn och Startanlage fir Héichtefuerschungsrakéiten an/oder fir militäresch Rakéite fir Versuchszwecker.
Weltraumgare ginn am Ament vun eenzele Weltraumnatiounen, Staatenorganisatiounen (wéi d'ESA) oder privaten Entreprisen (Sea Launch) ënnerhalen.
Urspronk vum Begrëff
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Weltraumgare stoungen an Zesummenaarbecht mat Eisebunnsbetriber, déi fir den Transport vun de schwéiere Rakéitestufen an den Notzlaaschte gebraucht goufen. Jore méi spéit goufen och déi éischt Satellitten, z. B. vum Sea Launch, vum Waasser aus an den Orbit bruecht. A weider Joren duerno goufen och d'Konzept vum Fluchhafen fir déi éischt Weltraumhäfen – am Ament fir suborbital Raumflich – gebraucht (kuckt och Spaceport America).[1][2]
Standplazbedéngungen
[änneren | Quelltext änneren]D'Krittäre fir d'Standplaz vun enger Weltraumgare si villfälteg. Hie sollt, wa méiglech, no um Equator leien: Duerch d'Äerdrotatioun huet d'Rakéit do schonn déi op der Äerduewerfläch maximal Grondvitess a muss manner aktivéieren, fir op déi gebraucht Vitess ze kommen, fir den Orbit z'erreechen. Nëmme fir Starten op polar Orbitte si polno Standplaze méi gënschteg (zum Beispill Plessezk).
Eng Rakéitegare soll soll wäit vun dicht bewunntem Gebitt leien an an ëstlecher Richtung en Ozean oder een dënn besidelt Gebitt hunn, well bal all Rakéitestarten erfollege mat der Äerdrotatioun (aus uewe genanntem Grond) an ëstlecher Richtung. Wann et zu engem Feelstart kënnt, kéinte soss Mënschen duerch Stécker déi eroffalen an Dreifstoffer a Gefor geroden. Zudeem ass d'Standplaz op déi politesch Aflosssphär vum Staat oder der Staatenorganisatioun beschränkt.
D'Weltraumgare sollt op enger geologesch stabiller Plaz gebaut ginn, wou meeschtens gutt Wieder ass, well Rakéitestarte bei Reen oder Stuerm meeschtens ofgesot musse ginn. Schliisslech soll och genuch Plaz do sinn, fir eventuell d'Gare ausbauen ze kënnen.
Déi ideal Plaz fir eng Weltraumgare existéiert awer net, a beim Eraussiche musse Kompromisser agaange ginn.
Beispill: Russesch Kosmodromer
[änneren | Quelltext änneren]Besonnesch déi russesch Kosmodromer sinn duerch hir wäit nërdlech Lag benodeelegt, well fir d'orbital Manövere fir op d'Zilëmlafbunn ze kommen, méi Dreifstoff gebraucht gëtt.
Beispill: Kourou
[änneren | Quelltext änneren]Déi europäesch Weltraumgare Centre Spatial Guyanais zu Kourou huet vun änlechen Ariichtunge weltwäit déi gënschtegst Lag. Se läit am franséischen Iwwerséi-Departement Franséisch-Guayana am Norde vu Südamerika (politesch stabil) a läit dicht um Equator (gënschteg Starteegenschaften, maximale Vitessbonus duerch d'Äerdrotatioun). D'Regioun ass dënn bewunnt a grenzt am Nordosten un den Atlantik (wéineg Gefor fir d'Mënschen). Well d'Weltraumgare direkt un e grousst Bëschgebitt grenzt, ass en Ausbau problemlos méiglech. Zwar huet Kourou e subtropescht Klima, et gëtt awer vun de meeschten Atlantikstierm verschount. Material a Gidder loosse sech wéinst der Küstelag einfach a séier transportéieren. Se läit allerdéngs ganz wäit vun de Bedreiwerstaate Frankräich, an ESA ewech.
Lëscht vun de Weltraumgaren
[änneren | Quelltext änneren]Weltraumgaren déi net méi a Betrib sinn
[änneren | Quelltext änneren]Numm | Standplaz | fréiere Bedreiwer | Koordinaten |
---|---|---|---|
Algerien | |||
Hammaguir | Hammaguir | Centre interarmées d'essais d'engins spéciaux | 30° 52′ N, 3° 0′ W |
Australien | |||
Woomera Prohibited Area (WPA) (nëmmen nach Startplaz fir Héichtefuerschungsrakéiten) |
Woomera, South Australia | 31° 12′ S, 136° 50′ O |
Startplazen nëmme fir ballistesch Rakéiten (Héichtefuerschungsrakéiten oder militäresch Rakéiten), kuckt Rakéitestartplaz.
Kaart vun de Weltraumgaren
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ralf Butscher: Großer Bahnhof am Äquator. In: Bild der Wissenschaft, Heft 1/2005, S. 88−93 (2005), ISSN 0006-2375
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Index – Iwwersiicht zu de Rakéitestartplazen op der Welt bei der Encyclopedia Astronautica
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ New Mexico mit hohen Zielen – Artikel bei Raumfahrt24.de, vom 13. Juni 2006
- ↑ Erster europäischer Raumhafen – Artikel bei wasistwas.de, vom 18. April 2007
- ↑ ISC Kosmotras (englesch) – offiziell Websäit
- ↑ The Spaceship Company (englesch) – offiziell Websäit