Kosmodrom Xichang

Vu Wikipedia
Startanlag am Kosmodrom Xichang

De Kosmodrom Xichang ass eng chineesesch Weltraumgare.

D'Rakéitestartplaz gouf 1984 fäerdeg a läit ongeféier 64 Kilometer nordwestlech vum Stadzentrum vun Xichang. Se gëtt haaptsächlech agesat, fir Noriichtesatellitten an den Orbit ze schécken.

Vun 1984 un, goufen en ettlech Exemplare vun der Rakéit Laange Marsch 3 erfollegräich an de Weltraum geschéckt. Am Joer 1996 gouf et an der Weltraumgare e schwéiert Accident, wéi eng Rakéit mat dem Satellit Intelsat 708 ofgestierzt ass.

Vun 1975 bis 1982 gouf d'Startramp Nr. 3 opgeriicht. Et war déi éischt Startramp am Xichang Satellite Launch Center (XSLC). Den 8. Abrëll 1984 gouf vun der Ramp Nr.3 eng Rakéit vum Typ CZ-3 mat dem éischte chineesesche geostationäre Satellit, dem DFH-2, gestart. Bis 2004 si ronn 15 Drorakéite gestart ginn. Duerno ass déi al Ramp ofgerappt ginn a bis 2007 nei opgebaut ginn. De 14. Abrëll 2007 ass dann déi éischt Weltraummissioun vun der neier Ramp Nr.3, eng CZ-3A mat dem Navigatiounssatellit Compass M1 gestart ginn. [1] Am Kader mat der Entwécklung vun der kommerzieller Drorakéit CZ-2E gouf zu Xichang e weidere Startkomplex, Ramp Nr.2, 1989/1990 opgeriicht. Am Géigesaz zu der Ramp Nr.3 huet d'Ramp Nr.2 e beweeglechen an en onbeweegleche Reparaturtuerm. Vun der Ramp Nr.2 gëtt virun allem déi leeschtungsstaark chineesesch Rakéit fir geostationär Satellitten, d'CZ-3B, agesat. [2] An der technescher Zon, 3 Kilometer südlech vun de béide Rampen Nr.2 an Nr.3, gi Rakéitestufen a Satellitte virbereet. De Montage vun der Rakéit gëtt direkt op der Ramp gemaach.[1]

Fir bemannt Asätz gouf ufanks d'Ramp Nr.1 geplangt, awer ni gebaut. Op enger Distanz vun 2 Kilometer vun der geplangter Ramp Nr.1 gouf d'Ramp Nr. 2 opgeriicht.[3]

Weider chineesesch Weltraumgare sinn:

Iwwersiichtsplang

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Xichang Satellite Launch Center – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Go Taikonauts, Issue 3, January 2012, page 37
  2. Go Taikonauts, issue 3, January 2012, page 37
  3. Go Taikonauts, Issue 3 , January 2012, page 37