Kosmodrom Jiuquan

Vu Wikipedia
De Kosmodrom Jiuquan

De Kosmodrom Jiuquan ass déi eelst a gréisst Weltraumgare vu China. Hie läit zirka 200 km nordëstlech vun der Stad Jiuquan an der autonomer Regioun Bannenzeg Mongolei, ongeféier 1.600 km vu Peking ewech.

Opgebaut gouf de Kosmodrom am Joer 1958 als éischte vun den dräi Weltraumgare vun der VR China. Vun hir goufe méi Rakéitestarten duerchgefouert wéi vun allen anere Rakéitestartplazen. Genannt ass d'Startplaz no der nächstgréisserer Stad Jiuquan, déi am Géigesaz zum Kosmodrom Jiuquan an der Provënz Gansu läit.

Jiuquan gëtt normal gebraucht, fir Satellitten an ënner oder mëttel Ëmlafbunnen ze schéissen a fir Mëttel- a Laangstreckerakéiten ze testen.

Den Zentrum faasst 2.800 km² a bréngt zirka 20.000 Leit ënner.

D'Anlagen an d'Technik gläichen deene vun der sowjetescher Raumfaart. D'Sowjetunioun hat an den 1960er Joren d'Chinese beim Opbau vun der Weltraumgare Jianquan ënnerstëtzt.

Vum Kosmodrom Jiuquan hat China säin éischte Satellit Dong Fang Hong I am Joer 1970 gestart. Och déi éischt bemannt Raumflich vum Land: Shenzhou 5 (2003), Shenzhou 6 (2005) an Shenzhou 7 (2008) goufen hei gestart. Ausserdeem war den 29. September 2011 vun dëser Weltraumgare eng Rakéit mat der éischter chineesescher Raumstatioun Tiangong 1 gestart.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kosmodrom Jiuquan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Telepolis, 29. September 2011: China greift nach den Sternen Ofgruff de: 29. September 2011