Tiangong 1

Vu Wikipedia
Tiangong 1
Raumschëff Shenzhou
Land China
Crew bis zu 3
Start 29. September 2011, 13:16 UTC
Startplaz Kosmodrom Jiuquan
Drorakéit Laange Marsch 2F
Status aktiv
Zeechnung vum Tiangong 1 (lénks) mat ugedocktem Shenzhou-Raumschëff (riets)

Den Tiangong 1 (chineesesch 天宫一号 fir "Himmlesche Palast 1") ass den Numm vun der éischter chineesescher Weltraumstatioun, déi am Kader vum Programm mat dem selwechten Numm vun der CNSA entwéckelt gouf. Tiangong 1 gëtt als Raumlaboratoire am Shenzhou-Programm benotzt an déngt der Erfuerschung vu Kopplungsmanöver a Laangzäitopenthalter vu Raumfuerer. De Start u Bord vun der Drorakéit Laange Marsch 2F war den 29. September 2011 um 13:16 Auer UTC.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Schonn Ufank vun den 1970er Joren entstoungen a China konkreet Pläng fir d'Schafe vun engem bemannten Ausseposten am Weltraum. No wirtschaftlechen a politesche Barriären ass allerdéngs eréischt 1992 den Duerchbroch mat dem Projet 921 genannte Raumfaartprogramm gelongen. Nodeem an der éischter Projetsphas mëttlerweil d'Shenzhou-Raumschëff erfollegräich agefouert a siwe Missiounen realiséiert huet, gesäit déi zweet Projetsphas den Opbau vun enger Raumstatioun vir. D'Duerchféierung vun erfollegräiche Rendez-vousen- a Kopplungsmanöveren ass d'Viraussetzung fir sou ee Projet am Raum. Mam Dockingsystem deen um russeschen APAS baséiert huet China schonn eng entwécklungsfärdeg Undockvirriichtung.

Bis déi leeschtungsstaark Drorakéit Laange Marsch 5, déi d'Raumstatiounsmodule vu méi wéi 20 Tonne Mass an den Orbit brénge soll, fäerdeg ass, bitt de relativ klengen Tiangong-1-Modul en Undockpunkt fir Shenzhou-Raumschëffer, Solargeneratore fir d'Versuerge mat elektrescher Energie an e begrenzte pressuriséierte Wunn- an Aarbechtsberäich fir Taikonauten als Viraussetzung fir d'Erfuersche vu Laangzäitopenthalter am All. Am Tiangong-Programm sollen domat déi erfuerdert Grondlage fir de Bau an de Betrib vun enger Raumstatioun gesammelt ginn. Jee no Verlaf an Entwécklung vum Programm ass de Start vun op d'mannst zwéi weideren Tiangong-Raumlaboratoirë virgesinn.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Tiangong 1 besteet aus zwou Haaptkomponenten, de groussen Orbitalmodul um Buch an de Servicemodul mat deem klengen Duerchmiesser um Heck. De baussenzegen Opbau gläicht dem Raumlaboratoire vun den éischte sowjetesche Saljut-Raumstatiounen. Den Orbitalmodul huet en androgynt Kopplungsaggregat vergläichbar mam APAS-89-System fir Shenzhou-Zoubréngergefierer a bitt de Mannschaften e klimatiséierten a mat Liewenserhaltungssystemer ausgerëschte Wunn- an Aarbechtsberäich. Am net begobare Servicemodul sinn zwéi Solargeneratere mat 17 m Spanwäit fir d'Energieversuergung, d'Dreifstofftanken an d'Dreifwierker fir d'Lagereegelung. Déi maximal Notzungsdauer gëtt mat ronn zwee Joer uginn.

Aschränkend op d'Gréisst an Notzungsméiglechkeeten vum Modul wierkt sech déi gebraucht Drorakéit Laange Marsch 2F aus, déi och Dréier fir d'Shenzhou-Raumschëffer ass. Den Duerchmiesser vun Tiangong 1 gëtt mat 2,8 m, d'Längt mat 9 m an d'Mass mat 8,4 Tonnen uginn, wat der maximaler Notzlaascht vun dëser Drorakéit entsprécht. D'Mass vun Tiangong 1 ass domat manner wéi d'Hallschent vun der Mass vun der éischter sowjetescher Statioun. Well doriwwer eraus e groussen Deel vun der Mass (ongeféier 3,5 Tonnen) op de Servicemodul entfalen, léisst sech de benotzbare Raum (35 m³) an ongeféier mat der Gréisst vum russesche Modul Rasswet vun der Internationalen Raumstatioun (ISS) vergläichen.

Wéinst dem Servicemodul um Heck entfällt d'Méiglechkeet fir de Gebrauch vun engem zweeten axialen Kopplungsadapter fir Zoubréngergefierer. Dofir erlaabt Tiangong 1 keng gläichzäiteg Kopplung vun zwee Shenzhou-Raumschëffer un der Statioun. D'Zesummentreffe vu Besatzungen oder d'Entluede vun engem onbemannte Shenzhou-Transporter duerch eng Crew ass net méiglech.

Dës Onzoulänglechkeete sinn awer engem aneren Ëmstand ze verdanken. Raumgefierer mat Dimensioune wéi den Tiangong-Typ solle bei neie Raumstatiounen als Frachter mat enger Totalmass vun ongeféier 13 t agesat ginn. Eng Drorakéit déi dofir kann agesat ginn ass an der Entwécklung. D'Tiangong stellt domat en Entwécklungsschrëtt a keng reng Tëscheléisung duer.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

De Start fir d'Tiangong 1 war den 29. September 2011 um 13:16 Auer UTC. No enger onbemannter Fluchphas fir d'Teste vun der Fluch- a Steiereegeschaften déngt de Raumlaboratoire als Undockzil fir den onbemannten Transporter Shenzhou 8. No erfollegräicher Kopplung goufen d'Flucheegeschaften vum onbemannte Komplex getest a ferngesteiert Manövere gemaach.

De 16. Juni 2012 ass dat bemannt Raumschëff Shenzhou 9 gestart. D'Besatzung ass no der erfollegräicher Kopplung zwéin Deeg duerno an de Laboratoire gewieeselt an huet deen Betrib geholl.

D'Zil vun der Missioun war haaptsächlech Systemtester. Dozou ziele virun allem den Iwwerliewenssystem, Kommunikatiounstechnik vu geostationäre Relaissatellitten, Gyroskoptechnik fir d'Positiounsreegelung, Navigatiouns-, Rendez-vous- a Kopplungstechnik, souwéi d'Verhale vum gekoppelte System. Donieft stounge Fuerschungsaarbechten an der Schwéierlosegkeet souwéi Äerdobserbatiounen um Plang. Dozou soll d'Tiangong 1 ënner anerem mat der erfuerderlecher Technik fir d'Observatioun vun Äerdbiewen, Tsunamien a Vulkanaktivitéiten ausgerëscht ginn. Méiglecherweis ginn och international Projeten an Zesummenaarbecht mat der ESA gamaach. Nom Ofdocke vun der Crew vun Shenzhou 9 ginn en ettlech ugefaangen Experimenter an Aufgaben automatiséiert weidergefouert. Eng weider Crew fir d'Tiangong 1 ass den 11. Juni 2013 mat der Missioun Shenzhou 10 gestart

Modell vun Tiangong 2 (riets) mat ugedocktem Shenzhou-Raumschëff (lénks)

Am Fall vun engem Erfolleg sollen nom Enn vun der Asazdauer vun Tiangong 1 déi fir 20- resp. 40-Deeg-Missiounen ausgeluecht Raumlaboratoiren Tiangong 2 an Tiangong 3 als weider experimentell Raumstatioune gestart ginn, ier mam Opbau vun enger gréisserer a modularer Raumstatioun ugefaange gëtt, déi fir 2020 geplangt ass.

Visualitéit[änneren | Quelltext änneren]

D'Raumstatioun Tiangong-1 ka vun der Äerd aus duerch hir Gréisst och mat bloussem A gesi ginn an huet eng visuell Magnitude vu bis zu –2,7 mag. Wéinst der klenger Inklinatioun vun 43° erreecht si bei eis nëmmen eng minimal Héicht iwwer dem Horizont.

Ofstuerz[änneren | Quelltext änneren]

Déi chineesesch Weltraumagence huet den 21. Mäerz 2016 gemellt datt se kee Funkkontakt méi mat der Raumstatioun hätt. Doduerch goung d'Kontroll iwwer d'Raumstatioun verluer sou datt se iergendeng Kéier nees op d'Äerd eroffält.[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tiangong 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. China's 1st space lab Tiangong-1 ends data service