China National Space Administration
China National Space Administration (CNSA), englesch fir Chineesesch National Weltraum Agentur, ass déi chineesesch Weltraumorganisatioun, déi fir d'zivil Raumfaartprogramm vun der Volleksrepublik China verantwortlech ass.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Déi nationaal chineesesch Weltraumagentur gouf am Joer 1993 als Nofollger vum Ministerium fir Loft- a Raumfaartindustrie gegrënnt, dobäi gouf d'Industrie als China Aerospace Corporation (englesch fir chineesesch Loftraum-Gesellschaft) zesummegefaasst. 1998 gouf d'Loftraum-Gesellschaft a verschidde kleng Entreprisen ënnerdeelt. De Chef vun der CNSA ass haut de Chen Qiufa (陳求發) (Stand: 2012).[1],[2]
Zanter 2007 ass déi chineesesch Weltraumagentur Member vun der Internationaler Charta fir Weltraum an Naturkatastrophen.
Missiounen[änneren | Quelltext änneren]
Numm | Startjoer | Kuerzbeschreiwung | Bemierkung |
---|---|---|---|
Shenzhou 5 | 2003 | dat éischt bemannt Raumschëff (vun der CNSA) | Erfolleg |
Chang'e-1 | 2007 | déi éischt Äerdmound-Sond an Optakt zum Äerdmoundprogramm | Erfolleg |
Chang'e-2 | 2010 | déi zweet Äerdmound-Sond | Erfolleg |
Tiangong 1 | 2011 | dat éischt Raumlabor | Erfolleg |
Yinghuo 1 | 2011 | eng Mars-Sond, gestart mat Fobos-Grunt | Feelstart |
Chang'e-3 | 2013 | Éischt onbemannt Moundlandung | Erfolleg |
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- China National Space Administration (chineesesch/englesch) – offiziell Websäit
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ cnsa.gov.cn Resumes of Leaders
- ↑ wantchinatimes.com Who's Who Chen Qiufa (陳求發)