Chang'e-1

Vu Wikipedia
Chang'e-1
Kënschtleresch Duerstellung vu Chang'e-1
Typ Äerdmoundsond
Land China
Agentur CNSA
COSPAR-Bezeechnung 2007-051A
Mass 2.350 kg (beim Opschlag)
Start 24. Oktober 2007
Startplaz Kosmodrom Xichang
Drorakéit CZ-3A
Status Opschlag um Mound den 1. Mäerz 2009

D'Chang'e-1 (嫦娥一号) war déi éischt Raumsond vun der China National Space Administration (CNSA) an déi éischt vun op d'mannst dräi geplangt Missiounen am Moundprogramm vun der Volleksrepublik China. D'Sond gouf de 24. Oktober 2007 gestart, an hat de 5. November 2007 eng Moundëmlafbunn erreecht. Si ass den 1. Mäerz 2009 geziilt op de Mound opgeschloen. Mat hir goufen Technologië fir zukünfteg Missioune getest genee wéi d'Beschafenheet vun der Mounduewerfläch an dem Gestengs studéiert. De Präis vun der Sond gouf mat 169 Milliounen US-Dollar uginn.[1] Weider Missioune waren: 2010 de Moundorbiter Chang'e-2 an 2013 eng mëll Landung mat Chang'e-3.

De Programm gouf no der Moundgëttin Chang'e genannt. Si daucht an engem chineesesche Märchen op, an deem eng jonk Fee op de Mound flitt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Januar 2006 gouf vun der chineesecher Regierung bekanntgemaach, datt d'Fabrikatioun vun der Raumsond an hirer Drorakéit ugelaf wier. De 25. Juli 2006 huet d'Testphas vum Satellit ugefaangen.[2] Am Dezember 2006 gouf de Satellit am Startzentrum getest.

Ekipement an Notzlaascht[änneren | Quelltext änneren]

Den Orbiter huet op enger Konstruktioun vum DFH-3-Kommunikatiounssatellit baséiert. D'total Mass war 2.350 Kilogramm, wouvun 130 Kilogramm op en ettlech wëssenschaftlech Instrumenter gefall sinn:

  • E Stereo-Kamerasystem fir déi dräidimensional Kartografie vun der Mounduewerfläch.
  • E Laser-Héichtemiesser fir d'Bestëmme vun der Distanz tëscht Satellit a Mounduewerfläch.
  • E Spektrometer respektiv Interferometer dee Fotoe konnt maachen.
  • E Gamma-/Röntgespektrometer fir Ënnersich vun der Gestengszesummesetzung an de radioaktive Komponenten um Mound, wéi fir Analyse vun op d'mannst 14 mineraleschen Elementer souwéi Titan an Helium.[3]
  • E Mikrowelleradiometer fir d'Moosse vun der Mounduewerflächentemperatur sowéi fir d'Ermëttlung vun der Moundstëbsdicht.
  • En Instrument fir Datesammlung vum Sonnewand an der moundnoer Regioun.

Positiounssystem an Dateniwwerdroung[änneren | Quelltext änneren]

De Positiounsystem huet véier Radioteleskope mat Duerchmiesseren tëscht 25 a 50 Meter benotzt, déi zu Shanghai, Peking, Kunming an Urumqi stinn.[4] Fir d'Koordinatioun an d'Datesammlung war de Sheshan 25-Meter Radioteleskop vum Shanghai Astronomical Observatory zoustänneg, deen op der Sheshankopp zu Songjiang, engem Distrikt vu Shanghai steet, zoustänneg.[5] Fir den Antrëtt vun der Sond an de Moundorbit gouf d'Missiounskontroll zousätzlech vun den ESA-ESTRACK-Statiounen zu Maspalomas a Spuenien, zu Kourou a Franséisch-Guayana a vun der New Norcia Statioun an Australien ënnerstëtzt.[6]

Missiounsverlaf[änneren | Quelltext änneren]

D'Chang'e-1 gouf de 24. Oktober 2007 um 10:05 UTC mat enger Drorakéit vum Typ CZ-3A vum chineesesche Kosmodrom Xichang gestart. Si ass an en Äerdorbit mat enger Ëmlafzäit vu 16 Stonnen agetrueden an huet hir Sonnepanéilen opgemaach. Den nächsten Dag goufen déi eegen Dreifwierker kuerz gezünt an d'Sond op eng Ëmlafbunn vu 600 Kilometer Héicht bruecht. Banne siwen Deeg goufen nach weider dräi Orbittransfere gemaach, bei deenen d'Sond op eng ëmmer méi héich Ëmlafbunn transportéiert gouf, fir schliisslech mat engem sougenannten „Äerd-Mound-Transfer“ d'Ëmlafbunn sou grouss ze maachen, datt de Mound erreecht konnt ginn.

No klenge Bunnkorrekturmanövere konnt d'Sond de 5. November, wou si nëmmen nach 300 Kilometer vum Mound ewech war, dat entscheedend Manöver ufänken an an eng Moundëmlafbunn aschwenken. No zwéi weidere Bremsmanövere koum d'Chang'e-1 de 6. November op eng Moundëmlafbunn op enger Héicht vun 213 bis 1700 Kilometer an enger Ëmlafzäit vun dräianenghallef Stonnen. De 7. November erreecht si no engem drëtte Bremsmanöver hir definitiv Bunn, op där si de Mound op 200 Kilometer Héicht an 127 Minutte ëmkreest. Vun dëser Kreesbunn aus huet si dann ugefaangen, mat all Instrumenter u Bord a mat alle véier chineesesche Radioteleskope op der Äerd, ze schaffen.

De 26. November huet d'CNSA dem Publik eng éischt Moundfoto vun der Sond presentéiert. De chineesesche Ministerpresident Wen Jiabao huet am Pekinger Kontrollzentrum e Bild dat aus 16 Eenzelfotoe zesummengesat war, presentéiert.[7]

Den 1. Mäerz 2009 ass d'Chang'e-1 geziilt um 09:13 Auer MEZ um Äerdmound opgeschloen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. China likely to launch moon probe next April. XINHUA online, 17. Mee 2006
  2. China tests its first lunar probe: space official XINHUA online, 25. Juli 2006
  3. Chinese scientists to focus four tasks in moon exploration XINHUA online, 21. Juli 2006
  4. China tests super telescopes for moon-probe project. People's Daily online, 20. Juni 2006
  5. Shanghai lands star role in satellite mission. XINHUA online, 13. Juni 2006
  6. ESA tracking support essential to Chinese mission ESA News, 26. Oktober 2007
  7. China presentéiert éischt Fotoe vum Mound-Orbiter Chang'e-1 heise online, 26. November 2007