26. Oktober
Ausgesinn
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2024 |
De 26. Oktober ass den 299. Dag (300. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1795: A Frankräich trëtt de Regime vum Directoire a Kraaft.
- 1863: Op enger internationaler Konferenz zu Genf gëtt d'Rout Kräiz als Institutioun gegrënnt.
- 1905: Russesch Aarbechter grënnen zu Sankt Petersburg den éischte Sowjet.
- 1927: De Gustav Schickedanz, en däitschen Exporthändler, grënnt d'Quelle zu Fürth.
- 1979: De südkoreanesche President Park Chung-hee gëtt beim Owesiesse vum Kim Ja Kyu, dem Chef vum Geheimdéngscht, erschoss.
- 1994: Jordanien an Israel ënnerschreiwe no jorelaanger Feindschaft e Friddensvertraag.
- 2002: D'Sinn Fein, déi sech der IRA verbonne fillt, ass géint eng Opléisung vun dëser. D'brittesch Regierung an de Chef vun der nordirescher Regionalregierung haten dat zur Konditioun fir eng Fortsetzung vum Friddensprozess gemaach.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1919: Éischt Chamberwalen nom allgemenge Walrecht zu Lëtzebuerg. D'Rietspartei etabléiert sech als stäerkst Fraktioun am Parlament.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1854: Den ireschen Astronom William Parsons entdeckt d'Balkespiralgalaxie NGC 90 an d'Spiralgalaxie NGC 93.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1958: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Henri Cirelli geschoss.[1]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Georges Jacques Danton
-
François Mitterrand.
-
Ulrich Plenzdorf
-
Bernadette Lafont
-
Hillary Clinton
-
Dean Spielmann
- 1759: Georges Jacques Danton, franséische Revolutionär.
- 1759: Pierre Houth, lëtzebuergesche Schräiner a Gemengepolitiker.
- 1800: Helmuth Karl Bernhard von Moltke, preisesche Militär.
- 1817: Jean-Charles Alphand, franséischen Ingenieur.
- 1825: Johann Friedrich Julius Schmidt, däitschen Astronom a Geolog.
- 1841: Theodor von Oppolzer, éisträicheschen Astronom.
- 1846: Lewis Boss, US-amerikaneschen Astronom.
- 1878: Henri Schintgen, lëtzebuergesche Magistrat.
- 1891: Marcel Langsam, lëtzebuergeschen Turner a Konschtschmadd.
- 1893: Michel Haagen, lëtzebuergesche Sculpteur, Konschtschmatt a Moler.
- 1906: Dante Donzelli, italieenesch-franséische Moler a Sculpteur.
- 1912: Don Siegel, US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 1916: François Mitterrand, franséische Politiker a Staatspresident.
- 1919: Mohammad Rezah Pahlavi, Schah vum Iran.
- 1934: Jacques Loussier, franséischen Jazzkomponist an -pianist.
- 1934: Peter Marginter, éisträichesche Schrëftsteller an Iwwersetzer.
- 1934: Ulrich Plenzdorf, däitsche Schrëftsteller.
- 1938: Bernadette Lafont, franséisch Schauspillerin.
- 1939: Robert Schiel, lëtzebuergesche Fechter.
- 1939: Ginette Rossini, lëtzebuergesch Fechterin.
- 1940: Tilo Prückner, däitsche Schauspiller an Auteur.
- 1942: Bob Hoskins, brittesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 1947: Hillary Clinton, US-amerikanesch Politikerin.
- 1950: Nico Braun, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1954: Raymond Petit, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1954: Marc Gerson, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 1959: Evo Morales, bolivianesche Politiker a President.
- 1961: Uhuru Kenyatta, kenianesche Politiker.
- 1962: Dean Spielmann, lëtzebuergesche Jurist a Magistrat.
- 1969: Leo Obstbaum, argentinesche Designer.
- 1990: Pit Schlechter, lëtzebuergesche Vëlossportler.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 899: Alfred de Groussen, Kinnek vum südlechen angelsächsesche Kinnekräich
- 1817: Moritz August von Thümmel, däitsche Jurist a Schrëftsteller.
- 1912: Michel Fohl, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1918: Jean-Pierre Jérôme Thinnes, lëtzebuergesche Bauer a Politiker.
- 1922: Eugène Didier, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1932: Michel Schettlé, lëtzebuergesche Politiker.
- 1934: Franz Seimetz, lëtzebuergesche Moler.
- 1957: Nikolas Kazantzakis, griichesche Schrëftsteller.
- 1972: Igor Sikorsky, US-amerikanesche Constructeur an Architekt.
- 1977: Elisabeth Flickenschildt, däitsch Schauspillerin.
- 1979: Park Chung-hee, Staatschef vu Südkorea (1961-1979).
- 1986: Alfred Nimax, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 1999: Rex Gildo, däitsche Schlagersänger.
- 2004: Patricia Knight, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2005: Jany Holt, franséisch Schauspillerin.
- 2009: Karl Schaifers, däitschen Astronom.
- 2019: Pascale Roberts, franséisch Schauspillerin.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 26. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |