Georges Jacques Danton

Vu Wikipedia
Georges Jacques Danton
Gebuer 26. Oktober 1759
Arcis-sur-Aube
Gestuerwen 5. Abrëll 1794
Paräis
Doudesursaach Käppen
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Affekot, Revolutionär, Politiker
Member vun Comité de salut public
Famill
Bestuet mat Antoinette Gabrielle Danton, Louise Sébastienne Danton


De Georges Jacques Danton, gebuer de 26. Oktober 1759 zu Arcis-sur-Aube an der Aube a gestuerwen de 16. Germinal am Joer II zu Paräis, war e franséische Revolutionär.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Virun der Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

De Georges Jacques Danton ass de 26. Oktober 1759 zu Arcis-sur-Aube op d'Welt komm. Hie war de Jong vum Jacques Danton (1722-1762) a vun der Marie-Madeleine Camus (1730-1761). Hie koum als Kand bei eng Nourrice, wou en Accident mat engem Stéier him eng Deformatioun vun de Lëpsen an der Nues abruecht huet. Säi Studium huet hien am Klenge Seminaire vun Troyes ugefaangen, spéider bei den Oratorier an der selwechter Stad, mä huet eng geeschtlech Carrière refuséiert.

1780 koum hien op Paräis, a ganz an der Traditioun vu senger Famill (Grousspapp Dierwiechter, Papp Affekot) huet hien en Droitsstudium ugefaangen, a bei engem Affekot geschafft.

Hien ass fir sechs Méint op Reims weiderstudéiere gaangen a krut seng Licence. Obschonn hien zu Paräis ageschriwwe war, war hien net dacks bei Geriicht ze gesinn an huet sech léiwer an de Caféen opgehalen. Do huet hien, nieft ville spéidere Revolutionären, och seng Fra, d'Antoinette-Gabrielle Charpentier (1760-1793), kennegeléiert. Si war d'Duechter vun engem räiche Proprietär vu Caféen, dem Jérôme-François Charpentier. D'Dott huet him erlaabt, d'Charge vum Avocat au conseil du Roi am Joer 1787 ze kafen. Déi zwee goufen de 14. Juni 1787 bestuet. Si hate véier Kanner vun deenen awer nëmmen zwee iwwerlieft hunn: den Antoine Danton an de François-Georges Danton.

D'Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Optrëtter op der politescher Bün an Opstig zur Muecht[änneren | Quelltext änneren]

Statu vum Danton vum Auguste Paris, um Carrefour de l'Odéon zu Paräis

Iwwerrascht vun den Evenementer vu 1789 an an der net evidenter Positioun vun engem Affekot, huet den Danton net un der Assemblée constituante deelgeholl a seng Aktivitéit éischter op klenge Versammlunge wéi de Clibb an op Distriktsversammlunge beschränkt. Hie gouf zum President vum Cordeliers-Distrikt gewielt (am Quartier vun der École de Médecine), deen zum Club des Cordeliers gouf, wéi d'Distrikter ofgeschaaft goufen. Hie konnt d'Leit sou begeeschteren an hiert Vertraue gewannen, datt hien ëmmer nees gewielt gouf, an d'Zeitunge scho behaapt hunn, datt d'Cordeliers un hie verkaaft wieren.
Onschonn hien net dee Schéinste war, hat den Danton en zolitte Charisma.

Als President vum Distrikt vun de Cordeliers, wat deen aktivsten an am meeschte revolutionären Distrikt vu Paräis war, war den Danton zanter dem Ufank vun der Constituante bei allen Opstänn an der Haaptstad dobäi. Hien huet un alle populäre Mouvementer deelgeholl, ënner anerem un deene vum 5. a 6. Oktober; zu dëser Zäit huet hie sech och mam Mirabeau zesummegedo, deen zu der "Partei" vum Herzog vun Orléans gezielt huet, an deen de Mirabeau gär als Régent gesinn hätt.

Hie gouf sou séier beléift, datt hie sech zanter Juli 1790 als Kandidat fir d'Plaz vum Buergermeeschter vu Paräis géint de Bailly gestallt huet. Hie konnt zwar net gewannen, mä sechs Méint drop, wéi d'Administratioun vum Departement vu Paräis organiséiert gouf, gouf hien zum Member gewielt, a krut eng gutt bezuelte Plaz. Dat ass dem Danton awer net duergaangen, a well zu dëser Zäit kee méi vun den Orléans geschwat huet, huet hie sech mam Haff agelooss. Hie konnt dat ëmsou besser maachen, well d'Patrioten zu dëser Zäit am Sträit mat de Konstitutionelle louchen, déi vu Bailly a Lafayette geleet goufen. Seng Charge vum Avocat au Conseil du Roi, déi 10.000 Livres wäert war, gouf him fir 100.000 Livres ofkaf.

Vun dësem Moment u bis zum Stuerz vun der Monarchie huet den Danton duerch Fonge vum Ausseministère vill Sue gemaach. Well hien awer och ëmmer géint d'Konstitutionell virgaangen ass, konnt hien d'Vertraue vun de Patriote behalen.

Den 21. Juni 1791, den Dag wou de Kinnek op Varennes geflücht ass, huet hie bei senger Séance vu Jakobiner de Lafayette béis attackéiert. Hie wousst, datt de Lafayette iwwer säi Geschäft mam Haff Bescheed wousst, mä zu gläicher Zäit näischt dogéint kéint soen, ouni den Ausseminister ze verléieren. An dësem Moment huet den Danton, dee méi wéi e geheimen Agent wollt sinn, um Stuerz vun der Monarchie geschafft, déi hie bezuelt huet. D'Republikaner, déi sech forméiert hunn als Reaktioun um Kinnek seng Flucht, hunn hien als ee vun hiren aktivste Memberen opgeholl. Hie war ee vun den Haaptstëppeler fir d'populär Mouvementer vun dëser Zäit, an ee vun den Acteure vun der Petitioun fir de Kinnek ofzesetzen, déi um Champ-de-Mars ënnerschriwwe gouf.

D'Konstitutionell hu beschloss, datt eng Terreur noutwenneg wier, wat zu engem bluddegen Zesummentreffe vu Vollek a Garde nationale gefouert huet. Den Danton war an der Tëschenzäit op d'Land gezunn, fir datt him näischt géif geschéien. Hie gouf an de follgenden Deeg zwar juristesch verfollegt, mä dës Plainte goufe fale gelooss, wéi d'Constituante d'Amnestie gestëmmt huet.

Obschonn d'Konstitutionell, no den Evenementer vum Champ-de-Mars, am Ufank d'Nues vir haten, sinn d'Revolutionär mat nach méi Kraaft zeréckkomm. Den Danton stoung un hirer Spëtzt, an dat obschonn hie sech nach de Freide virum 10. August vum Haff mat 50.000 Écu bezuele gelooss huet. Hie war awer ee vun deenen déi am meeschten op dësen Dag higeschafft hunn an, nom Stuerz vun der Monarchie, d'Muecht an d'Hänn vun de Cheffe vum Mouvement geluecht huet. Hie gouf vun der Assemblée législative den 10. August selwer zum Justizminister ernannt.

D'Muecht an d'Popularitéit[änneren | Quelltext änneren]

Statu vum Danton zu Tarbes vum Edmond Desca

Hei fänkt eng nei Epoch am Liewe vum Danton un.

Hie war Member vum Gouvernement a komplett onofhängeg, finanziell duerch d'Suen déi him seng Plaz abruecht huet an duerch de Stuerz vun deenen, déi hie bezuelt haten. Hien hat d'Vertraue vum Vollek an eng revolutionär Muecht déi scho bal diktaktoresch war, nodeem d'regulär Muecht komplett desorganiséeiert war.

Duerch d'Septembermassakere war den Danton awer nëmme vum 10. August bis zum 21. September 1792 Minister. Hien huet ni kloer Positioun zu dëse Massakere bezunn.

Den 2. September 1792, wéi d'Massakeren ugefaangen hunn, huet hien eng Ried virun der Assemblée législative gehalen, déi mat der Formel, déi an d'Geschicht agaangen ass, opgehalen huet: « de l'audace, encore de l'audace, toujours de l'audace ».

Hie war en Deputéierte vun de Montagnards vun der Convention nationale, un der Säit vu Robespierre, Saint-Just a Marat. Hien huet versicht d'Montagne an d'Gironde nees zesummenzeféieren, mä, nodeem hien Deputéierte vun der Gironde erwëscht hat, wéi si säi Büro duerchwullt hunn, huet hien de Kapp vum Jacques-Pierre Brissot gefuerdert, a war averstanen, d'Girondins festzehuelen.

Vum 6. Abrëll bis zum 10. Juli 1793 huet hien de Comité de salut public geleet, mä hie gouf als ze moderéiert ugesinn, wat d'Hiriichtungen ugaangen ass, gouf aus dem Comité eliminéiert, an duerch de Maximilien de Robespierre ersat.

D'Indulgents an d'Enn vum Danton[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass zeréck an d'Landhaus vu senger Mamm a senger Gebuertsstad, Arcis-sur-Aube gaangen,. An der Tëschenzäit huet hie sech mat der Louise Sébastienne Gély bestuet, mam Seege vum Abt vu Keravenant.

Am Hierscht 1793 huet hie sech nees op der politescher Bün gewisen, nodeem seng Frënn nom Skandal vun der Liquidatioun vun der Compagnie des Indes festgeholl gi waren, dorënner ënner anerem de Fabre d'Églantine. Hie wollt Fridde mat de koaliséierte Monarchië schléissen, an huet d'Enn vum revolutionäre Gouvernement an der Terreur gefuerdert, och wann hie selwer dru bedeelegt war, dat ganzt op d'Been ze stellen.
Hien huet sech mat anere moderéierte Politiker zesumme gedo, den Indulgents, an huet eng duebel Campagne géint d'Enragés an d'Hébertiste gefouert, wou hien ufanks vum Robespierre ënnerstëtzt gouf, a géint de revolutionäre Gouvernement.

No der Hiriichtung vun den Hébertisten hunn d'Comitéën vum Salut public a vun der Sûreté générale beschloss hien a verschidde Membere vu sengem Grupp festzehuelen. Him gouf vum Revolutiounsgeriicht vum 13. bis 16. Germinal Joer II de Prozess gemaach, zesumme mat senge Frënn vum Skandal vun der Compagnie des Indes — déi hien "anscheinend net kannt huet" — an niewebäi beschëllegt, de Generol Dumouriez gedeckt ze hunn. Hien huet haart op seng Onschold higewisen:

Ma voix, qui tant de fois s'est fait entendre pour la cause du peuple, pour appuyer et défendre ses intérêts, n'aura pas de peine à repousser la calomnie. Les lâches qui me calomnient oseraient-ils m'attaquer en face ? Qu'ils se montrent, et bientôt je les couvrirai eux-mêmes de l'ignominie, de l'opprobre qui les caractérisent ! Je l'ai dit, et je le répète: mon domicile est bientôt dans, le néant, et mon nom au Panthéon ! […] Ma tête est là ; elle répond de tout ! […] La vie m'est à charge, il me tarde d'en être délivré ![1]

Hie gouf vum Revolutiounsgeriicht zum Doud verurteelt, an zesumme mam Camille Desmoulins, de 16. Germinal Joer II duerch d'Guillotine higeriicht.

Representatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Alphonse Aulard, Danton, Picard-Bernheim, Paräis, 1887.
  • Frédéric Bluche, Danton, Perrin, Paräis, 1984.
  • Jean Bruhat, Le Procès et la mort de Danton, Comte-Jacquet, Bar-le-Duc, 1939.
  • Antonin Dubost, Danton ou le consensus républicain, Barre & Dayez, Paräis, 1989. (ISBN 2-902484-19-4)
  • Antonin Dubost, Danton et les massacres de septembre, Charavey, Paräis, 1885.
  • André Fribourg, Discours de Danton, E. Cornély, Paräis, 1910.
  • Louis Madelin, Danton, Hachette, Paräis, 1924.
  • Karl Alexander von Müller, Danton - Ein historischer Essay, Deutsche Verlags Anstalt, Stuttgart, 1949.
  • Léon Pagès, Danton: le règne de la justice et des lois en 1792, Dumoulin, Paräis, 1880.
  • Denis Peschanski, Danton dans l'historiographie française de la 1ère moitié du XIXe siècle (1800-1847), Maîtrise aus dem Joer 1975, Universitéit Paris I.
  • André Stil, Quand Robespierre et Danton inventaient la France, B. Grasset, Paräis, 1988.
  • Auguste Vermorel, Oeuvres de Danton, A. Faure, Paräis, 1867.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Jacques Danton – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.