Comité de salut public

Vu Wikipedia

De Comité de salut public war e revolutionärt Regierungsorgan, dat vum Nationalkonvent de 17. Germinal vum Joer I an d'Liewe geruff ginn ass. De facto waren d'Deputéiert an dësem Comité (ausser bei de Finanzen) d'Regierung vu Frankräich bis zum Directoire[1]. En neie Comité de salut public gouf vun der Commune vun 1871 geschaf.

De Comité de salut public gouf geschaf fir de Conseil exécutif z'ersetzen, deen no den Opstänn vum 10. August 1792 gegrënnt gi war, an an deem déi sechs Haaptministere vun der Regierung souzen. De Comité de salut public, an enger éischter Phas dominéiert vum Danton, duerno vum Robespierre, huet zesumme mam Comité de sûreté générale eng Dikaktur an d'Terreur geleet, fir d'Revolutioun géint d'Géigner am Land[2] a vu Baussen ze schützen. Obschonn d'Convention nationale déi héchst Autoritéit hat, sou goufe wichteg Decisiounen dacks vum Comité scho beschloss, a vun der Convention nëmmen nach unerkannt. De Comité war fir seng Decisioune vis-à-vis vun der Convention responsabel.

Bis zum 10. Juli 1793, huet de Comité aus 9 Membere bestanen, a gouf vum Danton dominéiert:

Den Debry huet no enger Krankheet demissionéiert, a gouf duerch de Robert Lindet, Deputéierte vun der Eure ersat.

Dësen neie Comité huet sech de 7. Abrëll 1793 an den Tuilerien an den Appartementer vun der Marie-Antoinette installéiert, an ass do bliwwe bis 1795, wéi de Comité opgeléist gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Vgl. Kreatioun vun der Commission de salut public.
  2. Federalistesch Opstänn, Krich an der Vendée.